Projeten
Als Zitha konnte mir schonn ganz vill Projeten ëmsetzen. Mir ginn Iech hei e kuerzen Abléck an Aarbechten, déi mir scho realiséiert hunn oder aktuell verwierklechen.
Multifunktionell Jacketten fir d’Team vun ZithaMobil
Obwuel si mat Aarbechtskleedung (Jackett, Boxen, Fleece, Softshell-Jackett) ausgestatt sinn, hunn si de Wonsch no spezielle Jackette geäussert. Dës sollte liicht, meewaarm, ootmungsaktiv a virun allem bequeem a flexibel sinn. D'Fondation Ste Zithe huet dëser Ufro gären noginn a mat dëse Jacketten all 150 Mataarbechter equipéiert. Am Endeffekt profitéieren och d'Patiente vun der Zefriddenheet vum Fleegepersonal.
Demenzgaart
Holzatelier zu Consdorf
Therapiehënn bei ZithaMobil
ZithaMobil bitt an deenen ZithaSenior-Standuerter Foyeren un, wou Familljememberen déi Betreiung brauchen an Demenzpatienten am Dag mat Léift betreit ginn. Duerch d'Ënnerstëtzung vun de Spender ass d'Fondation Ste Zithe frou, reegelméisseg Visitten vun engem Therapiehond erméiglechen ze kënnen. D'Freed an d'Begeeschterung vun de Begënschtegte bestätegen eist Engagement, an dësem Beräich weiderzeschaffen. Merci villmools fir Är Ënnerstëtzung.
Kreessee fir de Holzatelier zu Consdorf
Snoezelzëmmer an der Seniorie St Jean de la Croix
Coin Manicure an der Seniorie Saint Jean de la Croix Luxembourg
MOTOmed Beweegungstherapie zu Konsdref
Vakanz vum Alldag
Musek fir eng besser Liewensqualitéit
Aktivitéit a gesond Mobilitéit am Wunnberäich
Therapie mat Hëllef vun Déieren
Hand an Hand – Fleegetelefon Lëtzebuerg
Hëllef zur Selbsthëllef
Bildung als Zukunftschance
E séchere Fräiraum fir Demenzpatienten
Kee Liewen ouni Waasser
Coifferssalon Seniorie Saint Jean de la Croix Luxembourg
Categories

Multifunktionell Jacketten fir d’Team vun ZithaMobil
D’Fondation Ste Zithe huet Done kritt ënner der Konditioun, datt si benotzt ginn, fir d’Aarbecht vun de Mataarbechter vun ZithaMobil z’ënnerstëtzen. D’Mataarbechter vun ZithaMobil mussen dacks hir Aarbechtsëmfeld wiesselen: dobaussen – Firmenauto – Heem vum Patient.
Obwuel si mat Aarbechtskleedung (Jackett, Boxen, Fleece, Softshell-Jackett) ausgestatt sinn, hunn si de Wonsch no spezielle Jackette geäussert. Dës sollte liicht, meewaarm, ootmungsaktiv a virun allem bequeem a flexibel sinn. D’Fondation Ste Zithe huet dëser Ufro gären noginn a mat dëse Jacketten all 150 Mataarbechter equipéiert. Am Endeffekt profitéieren och d’Patiente vun der Zefriddenheet vum Fleegepersonal.

Demenzgaart
Fir vill Leit assd’Zäit an der Natur mat Fräiheet an Entspanung verbonnen an huet positiv Auswierkungen op hir kierperlech a mental Gesondheet.

Holzatelier zu Consdorf
D‘Seniorie Ste Zithe zu Consdorf bitt hire Bewunner vill Aktivitéiten, déi op hir Besoinen zougeschnidde sinn. D’Aarbecht mat Holz ass hei eppes Besonnesches. Am Holzatelier gi qualitativ héichwäerteg, kreativ an eenzegaarteg Stécker gemaach. Dës Aktivitéiten hëllefen de Bewunner, hir eege Fäegkeeten nei z’entdecken, hiert Selbstvertrauen ze stäerken an hiert Selbstwertgefill ze erhéijen. Awer ier se ugefaangen hunn, hir eege schéin eenzegaarteg Stécker ze kreéieren, hunn d’Workshop-Participanten eppes fir sech selwer geschaft. Mat Holz, dat vun der Fondation Ste Zithe finanzéiert gouf, hu si e fréier bësse chaoteschen Atelier an e gutt strukturéierten, prakteschen an uerdentlechen Atelier ëmgewandelt.
Am Numm vun de Bewunner soe mir all de Spender Merci, déi dëst méiglech gemaach hunn.

Therapiehënn bei ZithaMobil
D’Interaktioun mat Déieren, déi fir d’Therapie trainéiert goufen, besonnesch Hënn, huet eng ganz positiv Auswierkung op vill eelere Leit. Zousätzlech zur motorescher a kognitiver Stimulatioun ass et virun allem d’emotional Erfarung an de soziale Kontakt mam Déier, deen Isolatioun entgéintwierkt an et erlaabt, Alldagsproblemer e Moment laang ze vergiessen.
ZithaMobil bitt an deenen ZithaSenior-Standuerter Foyeren un, wou Familljememberen déi Betreiung brauchen an Demenzpatienten am Dag mat Léift betreit ginn. Duerch d’Ënnerstëtzung vun de Spender ass d’Fondation Ste Zithe frou, reegelméisseg Visitten vun engem Therapiehond erméiglechen ze kënnen. D’Freed an d’Begeeschterung vun de Begënschtegte bestätegen eist Engagement, an dësem Beräich weiderzeschaffen. Merci villmools fir Är Ënnerstëtzung.

Kreessee fir de Holzatelier zu Consdorf
Zënter 2020 bitt Seniorie Ste Zithe zu Consdorf de Bewunner an der laangfristeger psychiatrescher Betreiung an de Seniore ganz speziell Projeten a sengem hauseege Holzatelier un. Mat Holz aus dem Geopark Mëllerdall produzéieren d’Bewunner selwer hauseege Therapie-Materialien, therapeutesch Hëllefsmëttel, Brettspiller, Dekoratiounen an nach vill méi, mat grousser Opmierksamkeet op d’Detailer. Dank der neier See ass et elo méiglech, méi komplex Aarbechten am Holzworkshop auszeféieren – mat absolutter Präzisioun. Dëst spuert op laang Siicht souguer Käschten, well Holz net méi op d’Mooss bestallt muss ginn Wann se richteg benotzt gëtt, ass dës speziell See ganz sécher a miniméiert de Verletzungsrisiko staark.

Snoezelzëmmer an der Seniorie St Jean de la Croix
Snoezeln ass de Numm fir an engem gemittleche Raum ze sin an deem verschidde berouegend an agreabel sensoresch Perceptiounen gebuede ginn.

Coin Manicure an der Seniorie Saint Jean de la Croix Luxembourg
Gesond a gutt gefleegten Hänn a Fangerneel si wichteg fir d‘Wuelbefannen. Eng sanft Manikür ass e wëllkommene Pleséier fir Männer a Fraen.

MOTOmed Beweegungstherapie zu Konsdref
Beweegung ass e Grondbedierfnes vum Mënsch. All Beweegung, a besonnesch sportlechen Training, stäerken net nëmmen de Kierper, mee och d’Psyche. Mee leider kann…

Vakanz vum Alldag
Eng Vakanz gëtt nei Energie a Freed um Liewen. Et ass wéi eng Paus vum Alldag, erweidert den eegenen Horizont a hannerléisst schéin Erënnerungen. Dat gëllt och, respektiv…

Musek fir eng besser Liewensqualitéit
Musek ass Deel vum Liewen. Sie begeeschtert, erwächt Erënnerungen, beréiert a schwätzt a hierer Diversitéit mat jidderengem. Awer Musek kann nach vill méi. Sie beaflosst…
Hëlleft eis, ze hëllefen.
D‘Fondation Ste Zithe fërdert laut hire Statuten Zitha-Wierker zu Lëtzebuerg an am Malawi. Hëlleft och Dir.