Fondation Ste Zithe

Impressum

Angaben gemäß § 5 TMG

Couvent Ste Zithe SA
32, rue Ste Zithe
2763 Luxembourg

Vertratt duerch:
Schwester Myriam Ney

Kontakt

Telefon: 00352 2888-3105
E-Mail: info@zitha.lu

TVA-ID

LU11648068

Identifikatiounsnummer vun der Entreprise

RCS B-5573

Allgemeng Benotzungsbedéngungen

De Benotzer erkläert sech mat dëse rechtlechen Hiweiser averstanen a gëtt un, se ze respektéieren. E bestätegt ausserdeem, säin eegent IT-technescht Equipement op Viren oder aner „Schued-Software“ gepréift ze hunn an datt dëst Equipement an engem tadellosen techneschen Zoustand ass. De Benotzer eleng ass fir de Choix, d’Notzung an d’Interpretatioun vun den Donnéeën, déi en iwwer den Internet oprifft, verantwortlech.

Inhalter vum Internetsite

D’Congrégatioun des Soeurs Carmélites Tertiaires, d’Fondation Ste Zithe a stgabrielshospital.org (am Follgenden den ZithaGrupp genannt) sinn zu kengem Zäitpunkt fir Viren oder änlech „Schued-Software“ op hirer Säit verantwortlech. Den ZithaGrupp behält sech d’Recht vir, zu all Moment an ouni Preavis Inhalter op hirem Internetsite ze verbesseren. Den ZithaGrupp engagéiert sech, de Benotzer vun hirer Säit am Viraus gepréiften Informatiounen an/oder Material zur Verfügung ze stellen, ouni awer fir Feeler, Net-Verfügbarkeet oder Aktualitéit vum Informatiounsmaterial verantwortlech gemaach kënnen ze ginn. D’Informatiounen, déi ofgebilt sinn, stellen op kee Fall eng Garantie duer fir administrativ oder pedagogesch Feeler, déi eventuell optriede kéinten. Weider Informatioune kritt Dir beim ZithaGrupp. Benotzer, déi Ongenauegkeeten, inhaltlech Feeler oder offensichtlech rechtswiddreg Inhalter op dësem Internetsite feststellen, sinn häerzlech gebieden, Kontakt mam ZithaGrupp opzehuelen an eis hir Remarke matzedeelen.

Verlinkunge mat aneren Internetsitten

Den ZithaGrupp bitt Iech, zum Zweck vun der Vereinfachung, Verlinkunge mat externen Internetsitten un. Den ZithaGrupp huet keen Afloss op d’Inhalter an de Fonctionnement vun den Internetsitte vun Drëttparteien, well dës hiren eegene Benotzungsbestëmmungen ënnerleien.

Och wann den ZithaGrupp alles ënnerhëlt, fir de Benotzer vu sengem Site am Viraus gepréiften Informatiounen an/oder Material zur Verfügung ze stellen, ass den ZithaGrupp a kenger Hisiicht fir hir Inhalter, Verfügbarkeet oder Informatiounen, déi hei ugewise ginn, verantwortlech.

Copyright

All d’Informatiounen, déi um Internetsite www.zitha.lu (ZithaGrupp) ugewise ginn, ënnerleien dem Urheberrecht. Souwäit et net speziell anescht markéiert ass, ass d’Reproduktioun vun Texter, Biller an Dokumenter fir kommerziell Zwecker verbueden. Fir Texter, Biller oder Dokumenter, déi als benotzbar markéiert sinn, notzen ze kënnen, mussen déi véier follgend Bedéngungen erfëllt sinn, woubäi eng Demande ëmmer néideg ass:

Fräigab fir eng käschtefräi Benotzung

Erhale vun der Integritéit vum reproduzéierten Dokument, d. h. kengerlee Modifikatiounen oder Verännerungen

Ugi vun der Quell www.zitha.lu an dem eventuellen Auteur, genee wéi den Hiweis op den urheberrechtleche Schutz vun de benotzte Passagen, Biller oder Dokumenter

Schrëftlech Demande un d’Direktioun vum ZithaGrupp fir déi beabsichtegt Benotzung vun Inhalter vum Internetsite ënner zitha.lu > Kontakt (http://www.zitha.lu/online/www/nav-main/54/DEU/index.html)

Fir all Ausnam zu de genannte Bestëmmungen ass eng schrëftlech Erlabnes vum ZithaGrupp an dem eventuellen Auteur vun den Texter oder Dokumenter erfuerderlech. Grafesch Elementer / Biller / Fotoen: ouni speziellen Hiweis ënnerleien déi grafesch Elementer, Biller oder Fotoen dem Urheberrecht a gehéieren entweeder dem ZithaGrupp oder dem jeeweilege Fotograf.

Schlichte vu Verbraucherlitigen/Universal Schlichtungsinstanz

Mir sinn net bereet oder verflicht, eis un enger Prozedur fir d’Schlichte vu Litigë virun enger Schlichtungsinstanz fir Verbraucher ze bedeelegen.

Spenden

Seit 1872 folgt die Zitha auf Basis christlicher Werte den Idealen Hilfsbereitschaft, Mitgefühl und Menschlichkeit, um in Luxemburg und Malawi ihren Dienst am Menschen zu erfüllen. Helfen auch Sie.

Jede Hilfe zählt

Wir hören einander offen, ehrlich interessiert und einfühlsam zu. Dazu gehört eine Haltung der Freundlichkeit, der Aufrichtigkeit und des respektvollen Umgangs miteinander.

Spenden

Zanter 1872 verfollegt d‘Zitha op der Basis vu chrëschtleche Wäerter d’Idealer Hëllefsbereetschaft, Matgefill a Mënschlechkeet, fir zu Lëtzebuerg an am Malawi hiren Déngscht um Mënsch ze erfëllen. Hëlleft och Dir.

All Hëllef zielt

Mir lauschteren eis mat Oppenheet, éierlechem Interessi an Afillungsverméigen no. Dozou gehéiert eng Haltung vu Frëndlechkeet, Opriichtegkeet a vum respektvollen Ëmgang mateneen.