Zikomo – Hilfe für Malawi
Well Bildung alles verännert

Malawi zielt zu de 5 % vun de weltwäit äermste Länner. De Mënschen am Malawi feelt et virun allem u genuch Liewensmëttel, propperem Drénkwaasser, medezinescher Grondversuergung a genuch Offeren am Bildungsberäich.
Zikomo huet sech zur Aufgab gemaach, dës Problemer ze bekämpfen.

Iwwer eis
D’ZithaSchwësteren hunn Zikomo – Hilfe für Malawi am Joer 2007 gegrënnt. Zikomo ass eng unerkannt gemengnëtzeg Stëftung no däitschem Recht mat Sëtz zu Tréier.
D’Aarbecht gëtt ausschliisslech iwwer Spende finanzéiert.

Eis Fërderschwéierpunkten
Zikomo – Hilfe für Malawi huet sech besonnesch als Zil gesat, am Ëmfeld vum St. Gabriel’s Hospital, dat vun den ZithaSchwëstere gegrënnt gouf, d’Bildung ze fërderen. Duerch Subside gëtt et Kanner esou erméiglecht, méi héich Schoulen ze besichen, eng Beruffsausbildung ze maachen oder ze studéieren. Ausserdeem ënnerstëtzt d’Stëftung och Schoulen a Crèchë beim Uschafe vun noutwennegen Ariichtungsgéigestänn. Mam Bau vu Buere wëll d’Stëftung e Bäitrag leeschten, fir d’Gesondheet an der Regioun ze verbesseren. Ausserdeem bedeelegt si sech och u Projete fir d’Bekämpfung vum Honger am St. Gabriel´s Hospital. D’Stëftung finanzéiert des Weideren och de Kaf vu Medikamenter fir d’Behandlung vu Leit, déi sech keng Medezin leeschte kënnen.
Eis Projeten
Kuckt Iech hei d’Projeten un, déi mir scho realiséiert hunn, an déi, déi mir aktuell ëmsetze

Ariichtungen
- St. Gabriel’s Hospital
- St. Theresa Nursery School
- Bethany Guest House
- St. Theresa Prayer House
- Our Lady Mount Carmel Nursery School
- St. Joseph Cottage
Communautéiten
- Our Lady Mount Carmel Community Namitete, Lilongwe Archdiocese
- St. Theresa of Jesus Community, Lilongwe Archdiocese
- St John of the Cross Community, Ganya, Dedza Diocese
- Anna Paula Bove Novitiate, Mlombozi, Zomba Diocese
- St Elizabeth of the Holy Trinity community, Kadikira, Blantyre Archdiocese
Kontakt
Annette Peters
- Telefon
Hëlleft eis, ze hëllefen.
Wir freuen uns sehr, dass Sie die Stiftung “ZIKOMO – Hilfe für Malawi” unterstützen möchten!