Fondation Ste Zithe

ZithaSenior

De Mënsch a seng Wäerter am Mëttelpunkt

Net all Mënsch ka sech am Alter oder am Fall vu Krankheet selwer versuergen an ass deemno op Hëllef ugewisen. ZithaSenior erméiglecht et Leit, déi Fleeg brauchen, e würdevollt Liewen op der Basis vun hiren eegene Wäertvirstellungen ze féieren.

Iwwer eis

An den Haiser vun der ZithaSenior S.A. zu Lëtzebuerg sinn all déi Leit wëllkomm, déi alters- an/oder krankheetsbedéngt fleegebedürfteg sinn, a sech dofir net méi selbstänneg versuerge kënnen. ZithaSenior steet dobäi ënnert enger medezinescher Direktioun a gräift op d’Erfarunge vum ZithaGrupp zeréck, woubäi d’Fleeg sech um Leitbild an un den Idealer vum Grupp orientéiert.

Eis Aufgaben

A sechs Ariichtunge vun ZithaSenior fannen ënnert anerem Leit, déi ënner Desorientatioun oder Demenz leiden, en neit Doheem. Op der Basis vun Hospitalitéit, Readaptatioun, Fleeg a Betreiung, medezinescher Versuergung a Pastoraldéngscht gëtt de Leit en Alginn mat héchstméiglecher Liewensqualitéit, Vertrauen an Würd erméiglecht. Am Aklang mam Leitbild vun den ZithaSchwësteren an dem ZithaGrupp steet dobäi zu all Moment de Mënsch mat sengen individuelle Wäerter am Mëttelpunkt vun der Aarbecht vun ZithaSenior.

Unsere Projekte

Die Arbeit der Fondation Ste Zithe –
Werfen Sie einen Blick auf die bereits von uns realisierten Projekte und solche, die wir aktuell verwirklichen.

Luxemburg

Malawi/St. Gabriel’s Hospital

Kontaktdaten zur Organisation

Hëlleft eis, ze hëllefen.

D‘Fondation Ste Zithe fërdert laut hire Statuten Zitha-Wierker zu Lëtzebuerg an am Malawi. Hëlleft och Dir.

Spenden

Seit 1872 folgt die Zitha auf Basis christlicher Werte den Idealen Hilfsbereitschaft, Mitgefühl und Menschlichkeit, um in Luxemburg und Malawi ihren Dienst am Menschen zu erfüllen. Helfen auch Sie.

Jede Hilfe zählt

Wir hören einander offen, ehrlich interessiert und einfühlsam zu. Dazu gehört eine Haltung der Freundlichkeit, der Aufrichtigkeit und des respektvollen Umgangs miteinander.

Spenden

Zanter 1872 verfollegt d‘Zitha op der Basis vu chrëschtleche Wäerter d’Idealer Hëllefsbereetschaft, Matgefill a Mënschlechkeet, fir zu Lëtzebuerg an am Malawi hiren Déngscht um Mënsch ze erfëllen. Hëlleft och Dir.

All Hëllef zielt

Mir lauschteren eis mat Oppenheet, éierlechem Interessi an Afillungsverméigen no. Dozou gehéiert eng Haltung vu Frëndlechkeet, Opriichtegkeet a vum respektvollen Ëmgang mateneen.