Mir sinn d‘Zitha
Zanter 1872 verfollegt d‘Zitha op der Basis vu chrëschtleche Wäerter d’Idealer Hëllefsbereetschaft, Matgefill a Mënschlechkeet, fir zu Lëtzebuerg an am Malawi hiren Déngscht um Mënsch ze erfëllen.
Mir hunn eng nei Telefonsnummer
Eis
Wäerter

Wäerter a Wäerteaarbecht sinn an eisen Haiser an am geschichtlechen Hannergrond vun den Tertiar-Karmelitinnen (ZithaSchwësteren) fest verankert.


Kongregatioun
vun den Tertiar-Karmelitinnen
D’Schwëstere vun der Kongregatioun, besser bekannt ënnert dem Numm ZithaSchwësteren, kucken haut op eng bal 150-järeg Geschicht vun Hëllefsbereetschaft, Matgefill a Mënschlechkeet zeréck.

Carmelite Sisters
Malawi
Inspiréiert vun der Missiounsaarbecht vun den ZithaSchwëstere gouf déi malawesch Sektioun vum Uerden, d‘Carmelite Sisters, gegrënnt.

Fondation
Ste Zithe
D’Stëftung setzt sech a fir Leit, déi Hëllef brauchen, fir al a krank Mënschen, a widmet sech sozialen a karitativen Zwecker zu Lëtzebuerg an am Malawi.

ZithaSenior
S.A.
Fachgerecht Fleeg, Betreiung, Ënnerstëtzung a Begleedung doheem, an den Dagesfoyeren, an de Senioreresidenzen an an de Seniorien (Fleegeariichtungen).

St Gabriel‘s
Hospital, Malawi
D‘St. Gabriel’s Hospital zu Namitete, dat vun den ZithaSchwësteren opgebaut gouf, zielt zu de beschte Spideeler am Land a behandelt Mënschen onofhängeg vun hire finanzielle Méiglechkeeten.

Eng oppen Hand
fir Malawi
Déi lëtzebuergesch ONG Eng oppen Hand fir Malawi leescht an engem vun den äermste Länner an Afrika nohalteg Entwécklungshëllef um Fundament, dat vun den Zitha-Schwëstere geluecht gouf.

Zikomo – Hilfe für Malawi

ZithaMobil an ZithaFoyers
A sengem eegenen Doheem al ginn, dat wënsche sech déi meeschte Leit. ZithaMobil & ZithaFoyers maachen dat méiglech.

ZithaAktiv
Gesondheet bréngt Liewensqualitéit – bleift Ärem Alter e Schratt viraus mat ZithaAktiv.

ZithaKiné
An all Alter ka Kinesitherapie dozou bäidroen, eng ganz Rei vu gesondheetleche Problemer ze verhënneren, ze verbesseren oder ze behandelen.

ZithaRésidences
Wäitleefeg, héichwäerteg amenagéiert, stilvoll Wunnenge mat barriärfräien Ariichtunge fir autonom Senioren.

ZithaUnit
Laangzäitversuergung vu Mënsche mat chronesch psychiatreschen Erkrankungen – spezialiséiert psychiatresch-therapeutesch Betreiung duerch eng mobil Ekipp vun Therapeuten.
Neuigkeiten
Dieser Bereich befindet sich derzeit noch im Aufbau – An dieser Stelle möchten wir Sie gerne zukünftig über alle Neuigkeiten Informieren.
Projekter

MOTOmed Beweegungstherapie zu Konsdref
Beweegung ass e Grondbedierfnes vum Mënsch. All Beweegung, a besonnesch sportlechen Training, stäerken net nëmmen de Kierper, mee och d’Psyche. Mee leider kann…

Vakanz vum Alldag
Eng Vakanz gëtt nei Energie a Freed um Liewen. Et ass wéi eng Paus vum Alldag, erweidert den eegenen Horizont a hannerléisst schéin Erënnerungen. Dat gëllt och, respektiv…

Musek fir eng besser Liewensqualitéit
Musek ass Deel vum Liewen. Sie begeeschtert, erwächt Erënnerungen, beréiert a schwätzt a hierer Diversitéit mat jidderengem. Awer Musek kann nach vill méi. Sie beaflosst…
Hëlleft eis, ze hëllefen.
D‘Fondation Ste Zithe fërdert laut hire Statuten Zitha-Wierker zu Lëtzebuerg an am Malawi. Hëlleft och Dir.