ZithaRésidences

Onofhängeg an individuell Liewen am Alter

Onofhängegkeet ass e wäertvollen Atout, dee vill Leit sech och am Alter erhale wëllen.ZithaRésidences erméiglecht eelere Leit en eegeverantwortlecht Liewen, bei deem si trotzdeem zu all Moment op bedarfsgerecht Hëllef vu qualifizéierte Mataarbechter zeréckgräife kënnen.

Iwwer eis

D’Senioreresidenze vun ZithaRésidences riichte sech speziell un d’Besoine vu selbstännege Senioren, déi eng individuell Wunneng mat Komfort an altersfrëndlechem Equipement genee ewéi bedarfsgerecht Déngschtleeschtunge sichen. An der Stad, zu Péiteng an zu Conter bitt ZithaRésidences esou luxuriéis Appartementer a Penthouse-Wunnengen un.

Eis Leeschtungen

D’Wunnenge vun ZithaRésidences kombinéieren eng autonom Wunneng mat Stuff, equipéierter Kichen a Schlofkummer mat de Virdeeler vun engem Seniorenheem. Esou liewen d’Residentë selbstänneg, profitéieren dobäi awer och, op Wonsch, vum Zougang zu den Déngschtleeschtunge vun den ZithaSeniorië wéi Catering, Fleeg, Botzen, technesch Maintenance oder Physiotherapie. Mat hirem zousätzleche Concierge-Service an dem Sécherheetsdéngscht erliichteren d’Senioreresidenzen d’Liewen – onofhängeg dovun, wéi eng Ufuerderungen am Alter op ee waarden.

Ariichtungen

Communautéiten

Kontaktdaten zur Organisation

Hëlleft eis, ze hëllefen.

D‘Fondation Ste Zithe fërdert laut hire Statuten Zitha-Wierker zu Lëtzebuerg an am Malawi. Hëlleft och Dir.