Fondation Ste Zithe

Fondation Ste Zithe

Zukunft fir d’ZithaWierker

D’Zäiten, an deene sech jonk Frae méi dacks fir e Liewen am Uerden entscheet hunn, si méiglecherweis och bei den ZithaSchwësteren eriwwer. Dat setzt awer a kenger Hisiicht d’Bedeitung an d’Aktualitéit vun hire Wäerter erof. Duerch d’Fondation Ste Zithe ginn d’Wierker vun den ZithaSchwësteren dauerhaft fortgesat.

Iwwer eis

D’Fondation Ste Zithe ass eng staatlech unerkannt gemengnëtzeg Stëftung nom Lëtzebuerger Recht, déi 1995 vun den ZithaSchwësteren zu Lëtzebuerg gegrënnt gouf*. Als karitativ Organisatioun setzt si sech fir bedürfteg, al a krank Leit an, a widmet sech sozialen a wueltätegen Zwecker zu Lëtzebuerg an am Malawi.
* D’Statute vun der Fondation Ste Zithe goufe fir d’lescht 2020 un déi haiteg Besoinen ugepass

Eis Fërderschwéierpunkten

Zu Lëtzebuerg fokusséiert sech d’Aarbecht vun der Fondation Ste Zithe op d’Fërderung vu Projeten am Kader vum ZithaGrupp. Duerch perséinlech Betreiung an de gudde Kontakt mat de Residenten, hire Familljen an all deenen, déi di verschidden Déngschter vum ZithaGrupp an Usproch huelen, kënnen déi Verantwortlech däitlech erkennen, wou esouguer bei eis zu Lëtzebuerg op Nout reagéiert sollt ginn, wéi eng Offere feelen a wat dem Mënsch bei Krankheet oder am Alter zousätzlech Liewensqualitéit schenke kann. D’Fondation Ste Zithe freet sech, dës Initiativen da mathëllef vun hire Spenden fërderen an ënnerstëtzen ze kënnen.

Am Malawi läit de Schwéierpunkt vun der Fërderung um St. Gabriel’s Hospital zu Namitete, opgebaut vun den ZithaSchwësteren. Bei der Ëmsetzung vu Projete fir d’Verbesserung vun der medezinescher Versuergung, der Bildung an der Entwécklungshëllef schaffe mir enk mat Eng oppen Hand fir Malawi an Zikomo zesummen – Organisatiounen, déi och vun den ZithaSchwëstere gegrënnt goufen.

D’Aarbecht vun der Fondation Ste Zithe – kuckt Iech d’Projeten un, déi mir scho realiséiert hunn, an déi, déi mir momentan ëmsetzen.

Eis Gestioun vun de Spenden: Guddes dinn, ouni Ëmweeër
Spenden, déi fir konkret Projete vun der Fondation Ste Zithe geduecht sinn, kommen dëse Projeten ouni iergendwellech Ofzich zu 100 % zegutt. D’Fondation Ste Zithe huet sech enger konsequenter an transparenter Gestioun vun de Spende verschriwwen an ass zanter 2012 Member vun der Don en Confiance Luxembourg a.s.b.l. Spenden, déi der Fondation Ste Zithe zeguttkommen, kënnen a ganz Europa steierlech ofgesat ginn.

Unsere Projekte

Die Arbeit der Fondation Ste Zithe –
Werfen Sie einen Blick auf die bereits von uns realisierten Projekte und solche, die wir aktuell verwirklichen.

Luxemburg

Malawi/St. Gabriel’s Hospital

De Verwaltungsrot

Schwëster Myriam Ney

Presidentin a Generaloberin

Schwëster Brigitte Schneiders
Schwëster Michèle Koedinger
Schwëster Anastasia Dzoole
Schwëster Alphonsina Chingamdima
Viviane Schaaf
Pit Hentgen
Guy Schleder
Michel Wurth

Unser Team

Annette Peters

Stëftungsmanagement
annette.peters@zitha.lu
+352 40 144-30 25

Eva Holz

Gestioun Spenden
eva.holz@zitha.lu
+352 40 144-31 05

Maximina Gaspar

Comptabilitéit
maximina.gaspar@zitha.lu
+352 40 144-30 04

Kontakt

32, rue Ste Zithe
L-2763 Luxembourg

Hëlleft eis, ze hëllefen.

D‘Fondation Ste Zithe fërdert laut hire Statuten Zitha-Wierker zu Lëtzebuerg an am Malawi. Hëlleft och Dir.

Spenden

Seit 1872 folgt die Zitha auf Basis christlicher Werte den Idealen Hilfsbereitschaft, Mitgefühl und Menschlichkeit, um in Luxemburg und Malawi ihren Dienst am Menschen zu erfüllen. Helfen auch Sie.

Jede Hilfe zählt

Wir hören einander offen, ehrlich interessiert und einfühlsam zu. Dazu gehört eine Haltung der Freundlichkeit, der Aufrichtigkeit und des respektvollen Umgangs miteinander.

Spenden

Zanter 1872 verfollegt d‘Zitha op der Basis vu chrëschtleche Wäerter d’Idealer Hëllefsbereetschaft, Matgefill a Mënschlechkeet, fir zu Lëtzebuerg an am Malawi hiren Déngscht um Mënsch ze erfëllen. Hëlleft och Dir.

All Hëllef zielt

Mir lauschteren eis mat Oppenheet, éierlechem Interessi an Afillungsverméigen no. Dozou gehéiert eng Haltung vu Frëndlechkeet, Opriichtegkeet a vum respektvollen Ëmgang mateneen.