Fondation Ste Zithe

Kongregatioun vun den Tertiar-Karmelitinnen

D‘Zitha-Schwëstere kucken op eng bal 150-järeg Geschicht vun Hëllefsbereetschaft, Matgefill a Mënschlechkeet zeréck. Liest hei, wéi alles ugefaangen huet.

Wéi alles ugefaangen huet:

1872 – Et fänkt u mam ZithaVeräin

D‘Anna Bové an d‘Luzia Margareta Niederprum hunn am spéiden 19. Joerhonnert, am Zäitalter vun der Industrialiséierung a vun engem déifgräifende gesellschaftleche Wandel, zu Lëtzebuerg gelieft. Mat Suerg hunn si d’Situatioun vu ville jonke Frae beobacht, déi hir Famillje verlooss hunn, fir an der Stad als Déngschtmeedchen ze schaffen. Do ware si hire Patronsfamillje schutzlos ausgeliwwert an net versuergt, wa si hir Aarbecht verluer hunn, krank oder al gi sinn.

Fir dat ze änneren, hunn d‘Anna Bové an d‘Luzia Margareta Niederprum den 28. März 1872 mat der Ënnerstëtzung vum Professer Nicolas Wies, engem sozial engagéierte Paschtouer a Schoulmeeschter, de Veräin vun der Helleger Zitha fir chrëschtlech Déngschtmeedercher gegrënnt. Den ZithaVeräin war eng Ulafstell fir Déngschtmeedercher an eng Plaz, wou si gefleegt goufen, wa si krank waren. Gläichzäiteg huet den ZithaVeräin d’Interessie vun den Déngschtmeedercher vis-à-vis vun hiren Employeure vertrueden, huet se als Haushälterinnen ausgebilt an hinnen Aarbechtsplaze verschaaft.

1875 bis 1886 – Den Uerde vun den ZithaSchwësteren

No engem beschwéierten Ufank war den ZithaVeräin e groussen Erfolleg, an d’Zuel vun deenen, déi Hëllef gesicht hunn, huet séier déi raimlech Méiglechkeeten iwwerschratt. D’Grënner hu sech awer net nëmme mat dëse gräifbaren, praktesche Problemer befaasst, mee och mat der Fro vun der Zukunft vum Veräin. Fir seng eegen Zukunft ze sécheren, huet den ZithaVeräin Uschloss gesicht un eng Organisatioun, déi schonn etabléiert war, mee all déi sollicitéiert Organisatiounen hunn dat refuséiert. Aus deem Grond koum et zu der Grënnung vun engem eegenen Uerde mam Numm Congrégation des Soeurs du Tiers Ordre Régulier de Notre-Dame du Mont Carmel à Luxembourg – d‘Schwësteregemeinschaft vum Drëtten Uerde vun eiser léiwer Fra vum Bierg Karmel zu Lëtzebuerg – an zu der Iwwerreechung, den 2. Februar 1875, vun der Uerdenstruecht duerch de Professer Nicolas Wies. Den Uerden huet sech an der Traditioun vun de Karmeliter gesinn a gouf 1886, nach virum Doud vun der Mutter Anna Bové, u si ugeschloss. Déi lëtzebuergesch Tertiar-Karmelitinne gehéieren zum teresianesche Karmel, sinn zu Lëtzebuerg awer bekannt als d‘ZithaSchwësteren. Dësen Numm geet op déi Helleg Zitha zeréck, déi 1218 zu Lucca (Italien) gebuer gouf an zanter hirem 12. Liewensjoer bis zu hirem Doud als Déngschtmeedche bei der adeleger Famill Fatinelli geschafft huet, a sech trotz dëser Belaaschtung ëm di Aarm an ëm Leit an der Nout gekëmmert huet.

„Schafft, paakt eng Hand un! Ergräift d’Aarbecht, do wou se sech ubitt!“

(Nicolas Wies)
Mat der Welt verännere sech och d’Besoinen an d’Leed vun de Leit, an domat och d’Aarbecht vun den ZithaSchwësteren. D’Suerg ëm déi jonk Frae war den Ulooss, fir hinnen Zouflucht, Fleeg an eng Plaz am Alter, genee ewéi eng Ausbildung unzebidden. Do koum den Éischte Weltkrich an huet d’Klouschter fir d’Leit a senger Noperschaft zum Ulafpunkt bei medezinesche Problemer gemaach. D’ZithaSchwësteren hunn doropshin eng Klinick gegrënnt – de Grondstee fir déi spéider ZithaKlinick.
D’Aarbecht passt sech der Nout un
Dat wat d’Grënnerinne beweegt huet – d’Suerg ëm jonk Fraen – beweegt den Uerden nach haut. De Fokus louch dobäi awer schonn ëmmer op der Nout aus der jeeweileger Zäit. Sou hu sech aus der Ausbildung vun Déngschtmeedercher Hauswirtschaftsschoulen am ganze Land entwéckelt. Well vill jonk Mammen hu missen schaffen an eng sécher Plaz fir hir Kanner gesicht hunn, hunn d’ZithaSchwësteren elo och Crèchen ugebueden. De Besoin un Infirmièren an der ZithaKlinik huet zum Opbau vun enger Infirmièresschoul gefouert, d’Suerg ëm Gaaschtaarbechter aus frieme Länner zu der Ariichtung vu Wunnengen an d’Nout vun onbestuete jonke Mammen zu der zu der Grënnung vum Foyer Paula Bové. An d’Suerg ëm Schwësteren an Dammen am Alter huet schliisslech zu der Grënnung vun Alters- a Fleegeheemer gefouert.

1958 – Missiounsaarbecht am Malawi

Den 3. Oktober 1958 huet de Bëschof Fady aus dem Malawi d’ZithaSchwësteren zu Lëtzebuerg besicht a si ëm Hëllef fir e Spidol zu Namitete gebieden. De Bëschof Fady hat mathëllef vun der englescher Regierung an op Initiativ vum Poopst Pius XII. schonn e Gebai gebaut an en Dokter fonnt, deen awer net mat senger Aarbecht ufänke konnt, well Schwëstere gefeelt hunn, déi d’Spidol leeden an d’Patiente betreie konnten. Den 21. Abrëll 1959 hu véier Missionarinnen d’Klouschter, hir Heemecht an hir Famillje verlooss, fir am Malawi d’Erfollegsgeschicht vun den ZithaSchwësteren nei ze schreiwen. Si hunn d’St. Gabriel’s Hospital iwwerholl an doraus mat vill Engagement, Duerchhalverméigen an Hëllef aus Lëtzebuerg eent vun de beschte Spideeler aus dem Malawi gemaach. An den nächste Jore sollten nach vill weider Schwësteren nokommen. Och jonk Afrikanerinnen hu sech beruff gefillt, an den Uerden anzetrieden – haut nennt sech d’malawesch Sektioun vun den ZithaSchwësteren Carmelite Sisters. Si wunnen a fënnef Gemeinschaften am Malawi an ënnerhalen zwou Crèchen, eng Gesondheetsstatioun, e Gebietshaus, en Haus fir Gäscht an e Vakanzenhaus.

Eis Geschicht a Biller

D'Kongregatioun – Wat bréngt d'Zukunft?

Momentan besteet d’Kongregatioun aus 63 Uerdensschwësteren (30 Afrikanerinnen an 33 Europäerinnen). Zanter 2017 ass d’Schwëster Dr. Myriam Ney d’Generaloberin vum Uerden. Hire Generalrot besteet aus dräi Schwësteren aus dem lëtzebuergeschen Deel vun der Kongregatioun an zwou afrikanesche Schwësteren.

Wärend am Malawi d’Kongregatioun eng Geschicht vum Wuesstem erzielt, lieft zu Lëtzebuerg d’Hallschent vun den ZithaSchwësteren am Fleegeheem. An Zukunft wäerten nëmmen nach d’Wierker vun der Zitha vun de Schwësteren erzielen. Bis dohi wäerten d’Schwësteren awer alles dofir maachen, datt d’ZithaWierker am Sënn vun hire Stëfter weiderbestoe wäerten.

Uspriechpartner

Ëmmer mueres:

Eva Holz
+352 40 144-31 05

Hëlleft eis, ze hëllefen.

D‘Fondation Ste Zithe fërdert laut hire Statuten Zitha-Wierker zu Lëtzebuerg an am Malawi. Hëlleft och Dir.

Spenden

Seit 1872 folgt die Zitha auf Basis christlicher Werte den Idealen Hilfsbereitschaft, Mitgefühl und Menschlichkeit, um in Luxemburg und Malawi ihren Dienst am Menschen zu erfüllen. Helfen auch Sie.

Jede Hilfe zählt

Wir hören einander offen, ehrlich interessiert und einfühlsam zu. Dazu gehört eine Haltung der Freundlichkeit, der Aufrichtigkeit und des respektvollen Umgangs miteinander.

Spenden

Zanter 1872 verfollegt d‘Zitha op der Basis vu chrëschtleche Wäerter d’Idealer Hëllefsbereetschaft, Matgefill a Mënschlechkeet, fir zu Lëtzebuerg an am Malawi hiren Déngscht um Mënsch ze erfëllen. Hëlleft och Dir.

All Hëllef zielt

Mir lauschteren eis mat Oppenheet, éierlechem Interessi an Afillungsverméigen no. Dozou gehéiert eng Haltung vu Frëndlechkeet, Opriichtegkeet a vum respektvollen Ëmgang mateneen.