150. Anniversaire vun der Grënnung vum ZithaVeräin

Share on facebook
Share on pinterest
Share on twitter

1872 – 2022

Géint Enn vum 19. Joerhonnert, nodeems déi déck Festungsmaueren ofgerappt goufen (1867-1883), huet d’Stad Lëtzebuerg ugefaange méi oppen an urban ze ginn. Dëst huet d’Jugend aus den Dierfer ugezunn. D’Industrialiséierung huet ugefaang: Jonk Männer a Fraen hu sech vun de fixe Familljestrukturen vun der ländlecher Bevëlkerung geléist an an der Stad no Aarbecht gesicht. Vill onerfuere jonk Fraen vum Land koumen fir als Déngschtmeedchen an den Haiser vu räiche Familljen ze schaffen. Dëst neit Liewen war hinnen komplett friem. Schoul oder Beruffsausbildung war keng Selbstverständlechkeet fir Meedercher a Fraen. Si waren hire Patroen ausgeliwert, ouni Sozialversécherung am Fall vu Chômage oder Krankheet an och spéider am Alter. Den Nicolas Wies, Paschtouer, Spiritual a Professer zu Lëtzebuerg, huet sech iwwer dës Situatioun immens besuergt gewisen.

D’Anna Bové an d’Luzia Niederprüm, zwou jonk Fraen, deenen hire spirituellen Direkter de Professer Wies war, hu ganz änlech geduecht. Si hu mat him iwwer d’Situatioun vun den Déngschtmeederscher geschwat an zesummen no enger Léisung gesicht. Den 28. Mäerz 1872 hu si dunn de “Veräin vun der Helleger Zita fir chrëschtlecht Déngschtmeedercher” gegrënnt. D’Zita, déi 1218 an der Toskana bei Lucca gebuer gouf, war bis zu hirem Doud (1278) 48 Joer laang am Déngscht vun der räicher Famill Fatinelli. Schonns kuerz no hirem Doud gouf si als Hellege wäit iwwer Lucca eraus veréiert an 1696 kanoniséiert. D’Grënn, firwat de Professor Wies, d’Anna Bové an d’Luzia Niederpüm hire Veräin 1872 no hir benannt hunn, wëssen mir haut nët. Eréischt den 11. Mäerz 1955 huet de Poopst Pius XII d’ Hellege Zita zur Patréinesch vum Hauspersonal gemaach.

 

Nodeems d’Vereenegung gegrënnt war, sinn d’Anna Bové an d’Luzia Niederprüm direkt un d’Aarbecht gaangen an hunn an der Beckstrooss e klengt Haus gelount fir en Heem fir d’Déngschtmeedercher vun der Stad opzebauen.

D’Aufgab vun der Vereenegung war et, Aarbecht fir d’aarbechtslos Déngschtmeedercher ze fannen an se am Fall vun Krankheet 10 Deeg gratis ze versuergen. Wann e Member méi laang am Veräinshaus wollt bleiwen, hueten dem Veräin ee Frang pro Dag fir Pensioun an Ënnerkunft missen bezuelen. Et war eng Bedingung fir d’Déngschtmeedchen e reliéist a moralescht Liewen ze féieren an Sonndes a Feierdeeg an d’Mass ze goen. D’Meedercher hu sech all Sonndeg gemittlech am Veräinshaus getraff.

D’Statuten an d’Strukturen hunn d’Liewe vun der Associatioun definéiert. Et gouf Memberen a Schutzmemberen. All Déngschtmeedchen, dat sech un d’Statute wollt halen, konnt Member ginn. Dat huet 3 Frang kascht an all Mount e Bäitrag vun 30 Centimes.

Jidderee konnt Schutzmember ginn, entweder duerch en eemolege Betrag vun 100 Frang oder mat engem Joresbäitrag vu mindestens 5 Frang.

Den éischte Protecteur war den Nicolas Adames, den éischte Bëschof vum Bistum Lëtzebuerg, dat just zwee Joer virdrun gegrënnt gouf. Am Laf vum éischte Joer vum Veräin sinn 113 Memberen ugeholl ginn an et goufen 30 Schutzmembere gewonnen. Awer um Enn vum Joer waren d’Ausgaben méi wéi duebel so héich wéi d’Recetten. D’Associatioun huet séier méi Memberen opgeholl an um Enn vum drëtte Joer vum Veräin waren et der schonn 177 an d’Zuel vun de Schutzmemberen ass och op 54 geklommen. An awer weist dat drëtt Joer vun der Associatioun en Defizit vun 11 626. 44 Frang ob. Dat war eng enorm Zomm fir déi Zäit an en Hiweis wéi schwéier déi éischt Jore waren.

Awer d’Grënner ware weder ofgeschreckt nach decouragéiert. Geschwënn war net méi genuch Plaz am klengen Haus an der Beckstrooss fir all d’Meedercher, déi Schutz gesicht hunn. De Veräin huet no méi grousse Raimlechkeeten gesicht an huet en Haus an der Philippsgass fonnt.

Fir d’Zukunft vum Veräin ze sécheren, gouf 1875 d’Kongregatioun vun de ZitaSchwësteren gegrënnt an duerno si se an dat néit Mutterhaus an der haiteger ZithaStrooss geplënnert.

Den opmierksame Lieser huet vläicht gemierkt datt et haut ZithaSchwësteren oder ZithaGrupp heescht. Den “h” am Zitha kënnt aus der franséischer Schreifweis “Ste Zithe”.

All d’Wierker vun den ZithaSchwësteren hunn hiren Ufank am ZithaVeräin. Bis 1977 hunn d’Schwësteren d’Aarbechtsagentur fir jonk Fraen bedriwwen. Aus dem Joresrapport 1977 geet ervir, datt 2046 Ufroen fir eng Aarbecht gemaach goufen, an et 796 fräi Plaazen goufen. Fir de Fraen an hire Familljen, déi keng Plaz fonnt hunn, nach kënnen ze hëllefen, goufen honnerte Päck mat Kleeder oder Iesswueren ënnert hinne verdeelt.

Nodeems se an de Gare Quartier geplënnert sinn, hunn d’Schwësteren d’Ugebuet vun der Associatioun fir hir Memberen ze sourgen wa se krank waren erweidert an ambulant Fleeg an hirer Noperschaft ugebueden, vergläichbar mat ZithaMobil haut.

Well den ZithaVeräin no dem Ugrëff vun den däitschen Truppen den 2. August 1914 seng Aktivitéiten temporär huet missen ophalen, hunn d’Schwësteren déi fräi Raimlechkeeten der “Croix-Rouge Gesellschaft” zur Verfügung gestallt, déi do eng Medizinstatioun mat 50 Better ageriicht huet. D’Kongregatioun hat deemools schonn e puer Filialen am Land, an d’ Generaloberin huet déi bescht Infirmièren aus alle Filialen an d’Stad geruff. Dës Éischt-Hëllef-Statioun gouf d'”Interkommunale Santitätswache”, déi dann de 7. Dezember 1918 opgeléist gouf. Op Opfuerderung vun den Dokteren huet d’Generaloberin Paula Lentz, déi deemools am Amt war, eng Demande bei der Regierung agereecht fir e Spidol am ZithaKlouschter opzemaachen, déi och direkt provisoresch guttgeheescht gouf. Dëst war de Grondsteen vun der ZithaKlinik vun haut. Den ZithaVeräin huet den 1. Januar 1915 seng Aarbecht begrenzt erëm opgeholl.

D’Offer, de Membere vum Veräin eng Plaz fir am Alter ze bidden, konnt am neie Gebai am Garer Quartier ëmgesat ginn, an 1893 konnten schonn 9 Pensionärinnen ënnerbruecht ginn. Méi spéit goufen och nieft den Déngschtmeedercher aner eenzel Fraen opgeholl, an dat huet sech schlussendlech zu de Seniorien vun der haiteger ZithaGroup entwéckelt.

D’ZithaSchwësteren hunn den 100. Anniversaire vun der Grënnung vun der Kongregatioun 1975 als Geleenheet geholl, hir d’Offer fir Fraen un d’Bedierfnesser vun der haiteger Zäit unzepassen am Geescht vum Aggiornamento vum Zweete Vatikankonzil – also den Opruff d’Geheimnis vun d’Kierch haut siichtbar ze maaen. Et waren net méi Déngschtmeedercher, also Hauspersonal, déi Hëllef gebraucht hunn, mee Fraen allgemeng an Noutsituatiounen: Gewaltbetraffene Fraen, schwanger Fraen an Mammen déi eleng waren. D’Kongregatioun vun de ZithaSchwësteren huet déi Nout gesinn, an huet dat éischt Lëtzebuerger Fraenhaus, de Foyer Paula Bové gegrënnt, deen bis haut jonk Fraen a Mammen mat hire Kanner Schutz an Ënnerstëtzung bitt.

D’Aféierung vun der allgemenger Kranke- a Pensiounsversécherung, der staatlecher Chômage-Assurance an dem Aarbechtsgesetz hunn d’Situatioun vun alle Salariéë wesentlech verbessert, sou datt den ZithaVeräin no an no seng Servicer opgehalen huet. Am Mammenhaus vun der Kongregatioun hunn awer bis 2006 d’Sonndesversammlunge vun de leschte Membere vum ZithaVeräin stattfound.

Och wann den ZithaVeräin am Joer vum 150. Anniversaire vu senger Grënnung net méi existéiert, sinn d’Wäerter vun senge Grënner*innen fest an den Institutiounen an Organisatiounen verankert, déi aus hirer Grënnungsidee entstane sinn.

All d'Projeten entdecken

MOTOmed Beweegungstherapie zu Konsdref

Beweegung ass e Grondbedierfnes vum Mënsch. All Beweegung, a besonnesch sportlechen Training, stäerken net nëmmen de Kierper, mee och d’Psyche. Mee leider kann…

Vakanz vum Alldag

Eng Vakanz gëtt nei Energie a Freed um Liewen. Et ass wéi eng Paus vum Alldag, erweidert den eegenen Horizont a hannerléisst schéin Erënnerungen. Dat gëllt och, respektiv…