Fondation Ste Zithe

ZithaMobil an ZithaFoyers

Innovativ Fleeg op der Basis vu chrëschtleche Wäerter

Senioren a fleegebedürfteg Patiente sinn dacks op Hëllef ugewisen, fir datt si d’Liewen no hiren eegene Wënsch gestalte kënnen. ZithaMobil, en ambulante Fleegedéngscht, séchert d’Liewensqualitéit duerch eng aussergewéinlech Betreiung.

Onofhängeg vum Alter ass en aktiivt Sozialliewen onverzichtbar fir e glécklecht Liewen. Mat enger breeder Palett un Offere fërdert ZithaFoyers duerch eng Dagesbetreiung, ergänzend zu der Fleeg doheem, ënnert anerem d’sozial Integratioun.

ZithaMobil

ZithaMobil ass en innovative Fournisseur am Beräich vun der ambulanter Fleeg an der Betreiung doheem fir eeler Leit a fleegebedürfteg Patienten. Mat Standuerter an der Stad, zu Konsdref, Péiteng a Conter läit de Schwéierpunkt vun der Aarbecht op der Proximitéit zum Patient an engem aussergewéinleche Betreiungsstandard. D’Grondlag vun der individueller Betreiung ass eng fachiwwergräifend Prise en charge vum Patient. Op dëser Basis retabléiert, erhält a fërdert eng Ekipp vun Infirmièren, Ergotherapeuten, Physiotherapeuten, Psychologen a Sozialaarbechter déi kierperlech a geeschteg Gesondheet vun de Patienten. Op dës Manéier kann ZithaMobil och am haislechen Ëmfeld eng héich Liewensqualitéit sécherstellen, an dat trotz der Fleegebedürftegkeet vun de Patienten.

ZithaFoyers

Als Ergänzung zu der Betreiung doheem vun ZithaMobil wëll d’Dagesbetreiung vun ZithaFoyers virun allem d’Selbstännegkeet, d’Kommunikatioun an déi sozial Integratioun vun eelere Leit fërderen. An den Dagesfoyere gi Gesondheet, Psychologie a Fräizäit esou matenee verbonnen, datt eeler Leit hir Autonomie behalen an hiren Alldag no hiren eegene Wënsch gestalte kënnen. Am Mëttelpunkt stinn dobäi d’medezinesch Grondversuergung, genee ewéi divers Fräizäit- a kulturell Aktivitéiten, déi et erméiglechen, mat anere Persounen aus dem Dagesfoyer a Kontakt ze trieden.

Ariichtungen

Communautéiten

Kontakt

Hëlleft eis, ze hëllefen.

D‘Fondation Ste Zithe fërdert laut hire Statuten Zitha-Wierker zu Lëtzebuerg an am Malawi. Hëlleft och Dir.

Spenden

Seit 1872 folgt die Zitha auf Basis christlicher Werte den Idealen Hilfsbereitschaft, Mitgefühl und Menschlichkeit, um in Luxemburg und Malawi ihren Dienst am Menschen zu erfüllen. Helfen auch Sie.

Jede Hilfe zählt

Wir hören einander offen, ehrlich interessiert und einfühlsam zu. Dazu gehört eine Haltung der Freundlichkeit, der Aufrichtigkeit und des respektvollen Umgangs miteinander.

Spenden

Zanter 1872 verfollegt d‘Zitha op der Basis vu chrëschtleche Wäerter d’Idealer Hëllefsbereetschaft, Matgefill a Mënschlechkeet, fir zu Lëtzebuerg an am Malawi hiren Déngscht um Mënsch ze erfëllen. Hëlleft och Dir.

All Hëllef zielt

Mir lauschteren eis mat Oppenheet, éierlechem Interessi an Afillungsverméigen no. Dozou gehéiert eng Haltung vu Frëndlechkeet, Opriichtegkeet a vum respektvollen Ëmgang mateneen.