Skip to main content

Fondation Ste Zithe

Joresbericht

Mir si frou Iech eise Joresbericht virzestellen.

D’lescht Joer huet eisen Team nees vill Projeten ëmgesat, vun deenen d’Leit zu Malawi a Lëtzebuerg profitéiert hunn. Zesummen hu mir eis beméit positiv Ännerung ze bewierken.

Duerch eis divers Projeten a Programmer konnte mir Leit a verschiddene Beräicher vum Liewen ënnerstëtzen. Am Malawi hu mir eis ëm Familljen an Nout gekëmmert, Bildungsméiglechkeeten gi an eis ëm d’Gesondheet an d’Basisbedierfnesser vun de Leit gekëmmert. Zu Lëtzebuerg konnte mir déi flott Projet-Iddie vun de Personalteams an den Seniorien ënnerstëtzen, déi d’Wuelbefannen an d’Liewensqualitéit vun den Awunner steigeren.

De Joresbericht gëtt Iech e ganz gudden Abléck an eis Aarbecht a weist d’Resultater déi mir opweises hunn. Mir soe jidderengem Merci deen eis ënnerstëtzt huet, sief et duerch hir Zäit, Donen oder all aner Ënnerstëtzung. Ouni Iech wier dat net méiglech gewiescht.

Luet elo eise Joresbericht als PDF erof a gitt méi gewuer iwwer d’Projeten déi mir ëmgesat hunn. Zesumme kënne mir weider e positiven Impakt hunn an deenen hëllefen, déi et am meeschte brauchen. Merci fir Är Ënnerstëtzung!

This field is for validation purposes and should be left unchanged.
Numm(Required)

Hëlleft eis, ze hëllefen.

D‘Fondation Ste Zithe fërdert laut hire Statuten Zitha-Wierker zu Lëtzebuerg an am Malawi. Hëlleft och Dir.

Spenden

Zanter 1872 verfollegt d‘Zitha op der Basis vu chrëschtleche Wäerter d’Idealer Hëllefsbereetschaft, Matgefill a Mënschlechkeet, fir zu Lëtzebuerg an am Malawi hiren Déngscht um Mënsch ze erfëllen. Hëlleft och Dir.

All Hëllef zielt

Mir lauschteren eis mat Oppenheet, éierlechem Interessi an Afillungsverméigen no. Dozou gehéiert eng Haltung vu Frëndlechkeet, Opriichtegkeet a vum respektvollen Ëmgang mateneen.