Iwwer eis
Déngscht um Mënsch – Zouwendung a Kompetenz. Mat chrëschtleche Wäerter Zukunft gestalten.
Zitha
„Zitha“ ass zu Lëtzebuerg e geleefege Begrëff fir alles, wat d’ZithaSchwësteren an hirer bal 150-järeger Geschicht am Land opgebaut hunn. E Begrëff, dee fir Qualitéit, Mënschlechkeet, medezinesch Versuergung mat Häerz a Verstand an en oppent Ouer fir d’Leed vun de Leit steet.





Vill Deeler, ee Ganzt
Zanter 1959 bauen d‘ZithaSchwësteren d‘St. Gabriel’s Hospital zu Namitete op. Dank hirem Engagement gehéiert d’Spidol haut zu deene beschten am Malawi a versuergt Kranker – am Aklang mat den Zitha-Idealer – no medezinescher Noutwendegkeet an net no hire finanzielle Méiglechkeeten. D‘St. Gabriel’s Hospital ass ënner anerem wéinst der käschtenintensiver Versuergung mat Medikamenter op Spenden a Subsiden ugewisen, fir all senge Patiente gerecht ze ginn.
Als innovative Fournisseur am Beräich vun der ambulanter Fleeg doheem erméiglecht ZithaMobil vun de Standuerter Lëtzebuerg-Stad, Konsdref, Péiteng a Conter aus eng individuell Betreiung op der Basis vu chrëschtleche Wäerter, vu Vertrauen a Wäertschätzung. Dank der Aarbecht vun enger interdisziplinärer Fleege-Ekipp kënne Senioren a fleegebedürfteg Leit trotz der Behandlung am haislechen Ëmfeld eng héich Liewensqualitéit genéissen.
ZithaFoyers ergänzt den ambulante Fleegedéngscht doheem ZithaMobil duerch d’Betreiung an engem Dagesfoyer. Dës Foyere verbannen d’Beräicher Gesondheet, Psychologie a Fräizäit, an erméiglechen esou alle Senioren d‘sozial Integratioun an d’Grupp an d’Interaktioun ënnerteneen. Am Mëttelpunkt stinn nieft der medezinescher Grondversuergung eng Rei vu Fräizäit- a kulturellen Aktivitéiten, déi vu qualifizéierten Zitha-Mataarbechter organiséiert ginn.
Duerch reegelméissege Fitnesstraining bleift net nëmmen déi kierperlech mee och déi geeschteg Leeschtungsfäegkeet am Alter erhalen. ZithaAktiv bitt eelere Leit eng eenzegaarteg Offer mat individueller Berodung an Training, déi opgrond vun den neiste wëssenschaftlechen Erkenntnisser vun enger Ekipp vun Dokteren, Psychologen, Fuerscher an Ergo- a Kinesitherapeute permanent weiderentwéckelt gëtt.
An all Alter ka Kinesitherapie dozou bäidroen, kierperlech Problemer ze verhënneren, ze verbesseren oder ze behandelen. ZithaKiné befaasst sech mat Aschränkunge vum Beweegungsapparat a mat anere gesondheetleche Problemer a stellt iwwer eng geziilten Therapie d‘Kierperfunktiounen nees hier. An Eeenzelseancë ginn d‘Programmer, d‘Therapien an d‘physiotherapeutesch Übungen un déi individuell Problemer vun de Patienten ugepasst.
D‘Senioreresidenze vun ZithaRésidences riichte sech speziell u Senioren, déi och am Alter eegeverantwortlech liewen an net op ganz héije Wunnconfort verzichte wëllen. An der Stad, zu Péiteng a Conter verbannen d‘Residenzen autonoomt Wunnen a luxuriéisen Appartementer a Penthouse-Wunnenge mat de Virdeeler an Déngschtleeschtunge vun den ZithaSeniories. D’Residentë kënnen esou flexibel op altersbedéngt Ufuerderunge reagéieren.
ZithaUnit gouf 2021 duerch eng Konventioun mam Lëtzebuerger Gesondheetsministère gegrënnt. Et ass eng mobil Ekipp vun Therapeuten, déi sech op d’Laangzäitbetreiung vu Leit mat chronesche psychiatreschen Erkrankunge spezialiséiert huet. D’Aarbecht vun ZithaUnit konzentréiert sech besonnesch op d’Fërderung vun Demenzkranken, deenen hir Gehirschiedegung duerch Alkohol oder aner Forme vu Sucht ausgeléist gouf.
Hëlleft eis, ze hëllefen.
D‘Fondation Ste Zithe fërdert laut hire Statuten Zitha-Wierker zu Lëtzebuerg an am Malawi. Hëlleft och Dir.