Fondation Ste Zithe

Carmelite Sisters

Eng Gemeinschaft vun den ZithaSchwësteren an Afrika

D’Missiounsaarbecht vun den ZithaSchwësteren am Malawi huet vill jonk Afrikanerinnen inspiréiert, d’Idealer vun de Schwësteren ze iwwerhuelen an dem Uerde bäizetrieden. Mat de Carmelite Sisters gëtt et haut eng eege Sektioun vun den ZithaSchwësteren.

Iwwer eis

Nieft hirer Aarbecht am St. Gabriel’s Hospital hunn d’ZithaSchwëstere mat de Carmelite Sisters, offiziell bekannt ënnert dem Numm Sisters of Our Lady of Mount Carmel, eng Sektioun vun hirem Uerde gegrënnt. Déi jonk afrikanesch Schwëstere liewen a fënnef Gemeinschaften am Malawi zesummen a féieren d’Aarbecht vun den ZithaSchwësteren an hirem Land weider.

Eis Aufgaben

D’Carmelite Sisters sinn eng eege Sektioun vum Uerde vun den ZithaSchwësteren, déi d’Zukunft vum Malawi aktiv matgestalte wëll a positiv Verännerungen ustrieft. No dem Virbild an den Idealer vun den ZithaSchwësteren engagéiere sech d’Carmelite Sisters an de Beräicher Gesondheet, Bildung, Pastoral- a Sozialaarbecht. Déi afrikanesch Schwësteren ënnerhalen zwou Crèchen, eng Gesondheetsstatioun, e Gebietshaus, en Haus fir Gäscht an e Vakanzenhaus.

Ariichtungen

Gemeinschaften

Kontakt

Hëlleft eis, ze hëllefen.

D‘Fondation Ste Zithe fërdert laut hire Statuten Zitha-Wierker zu Lëtzebuerg an am Malawi. Hëlleft och Dir.

Spenden

Seit 1872 folgt die Zitha auf Basis christlicher Werte den Idealen Hilfsbereitschaft, Mitgefühl und Menschlichkeit, um in Luxemburg und Malawi ihren Dienst am Menschen zu erfüllen. Helfen auch Sie.

Jede Hilfe zählt

Wir hören einander offen, ehrlich interessiert und einfühlsam zu. Dazu gehört eine Haltung der Freundlichkeit, der Aufrichtigkeit und des respektvollen Umgangs miteinander.

Spenden

Zanter 1872 verfollegt d‘Zitha op der Basis vu chrëschtleche Wäerter d’Idealer Hëllefsbereetschaft, Matgefill a Mënschlechkeet, fir zu Lëtzebuerg an am Malawi hiren Déngscht um Mënsch ze erfëllen. Hëlleft och Dir.

All Hëllef zielt

Mir lauschteren eis mat Oppenheet, éierlechem Interessi an Afillungsverméigen no. Dozou gehéiert eng Haltung vu Frëndlechkeet, Opriichtegkeet a vum respektvollen Ëmgang mateneen.