Fondation Ste Zithe

ZithaUnit

Eng mobil Ekipp vun Therapeute fir psychiatresch Erkrankungen

Wéinst psychiatreschen Erkrankunge si vill Leit net an der Lag, selbstänneg ze liewen. D’ZithaUnit ënnerstëtzt als mobil Therapieunitéit Fleegeariichtungen an iwwerhëlt déi psychiatresch-therapeutesch Laangzäitbetreiung.

Iwwer eis

Zitha Consdorf verfüügt zanter Mëtt 2020 iwwer 44 Eenzelzëmmer fir d’Laangzäitversuergung vu Leit mat chronesche psychiatreschen Erkrankungen. D’Betreiung gëtt assuréiert vun der mobiller Therapeuten-Ekipp ZithaUnit, déi ufangs 2021 op der Basis vun enger Konventioun mam Lëtzebuerger Gesondheetsministère gegrënnt gouf.

Eis Leeschtungen

D’ZithaUnit ass eng Ekipp vu qualifizéierten Therapeuten, déi sech op déi psychiatresch-therapeutesch Betreiung vu Leit mat chronesche psychiatreschen Erkrankunge spezialiséiert huet. Well dës Leit opgrond vun hiren Erkrankungen onfäeg sinn, de soziokulturellen Ufuerderunge vun engem autonome Liewen nozekommen, ass eng Laangzäitbetreiung onëmgänglech.  Aus deem Grond widmet sech d’ZithaUnit besonnesch der Fërderung vun Mënschen déi opgrond vun enger chronescher psychiatrescher Erkrankung op Hëllef ugewisen sin.

Ariichtungen

Communautéiten

Organisatioun Kontakt Detailer

Hëlleft eis, ze hëllefen.

D‘Fondation Ste Zithe fërdert laut hire Statuten Zitha-Wierker zu Lëtzebuerg an am Malawi. Hëlleft och Dir.

Spenden

Seit 1872 folgt die Zitha auf Basis christlicher Werte den Idealen Hilfsbereitschaft, Mitgefühl und Menschlichkeit, um in Luxemburg und Malawi ihren Dienst am Menschen zu erfüllen. Helfen auch Sie.

Jede Hilfe zählt

Wir hören einander offen, ehrlich interessiert und einfühlsam zu. Dazu gehört eine Haltung der Freundlichkeit, der Aufrichtigkeit und des respektvollen Umgangs miteinander.

Spenden

Zanter 1872 verfollegt d‘Zitha op der Basis vu chrëschtleche Wäerter d’Idealer Hëllefsbereetschaft, Matgefill a Mënschlechkeet, fir zu Lëtzebuerg an am Malawi hiren Déngscht um Mënsch ze erfëllen. Hëlleft och Dir.

All Hëllef zielt

Mir lauschteren eis mat Oppenheet, éierlechem Interessi an Afillungsverméigen no. Dozou gehéiert eng Haltung vu Frëndlechkeet, Opriichtegkeet a vum respektvollen Ëmgang mateneen.