Eng oppen Hand fir Malawi

Eng oppen Hand fir Malawi ass eng offiziell unerkannt Net-Regierungs-Organisatioun (NRO), déi den 30. Juni 1989 gegrënnt gouf. Si ënnerstëtzt virun allem Projeten, déi et dem St. Gabriel’s Hospital zu Namitete erméiglechen, d’Patienten an enger korrekter Infrastruktur medezinesch a fleegetechnesch ze versuergen. Doriwwer eraus kënnt d’Entwécklungshëllef der Bevëlkerung an den Dierfer aus der Ëmgéigend zegutt, mam Zil, d’Liewensbedéngunge vun de Leit nohalteg ze verbesseren.

Iwwer eis
D’St. Gabriel’s Hospital zu Namitete, 1959 vun den ZithaSchwësteren iwwerholl, an déi domat verbonne Missiounsaarbecht, hu sech am Laf vu ville Joren ëmmer méi an eng Entwécklungsaarbecht gewandelt. Domat koumen op d’Schwësteren nei Erausfuerderungen duer, déi si 1989 dozou bruecht hunn, d’NRO Eng oppen Hand fir Malawi ze grënnen, fir Hëllefsprojete méi effikass ëmsetzen ze kënnen.

Eis Fërderschwéierpunkten
Eng oppen Hand fir Malawi ënnerstëtzt Projeten, déi am Weesentlechen drop ausgeriicht sinn, den Zougang vun der Bevëlkerung zu essentielle Gesondheetsdéngschter ze garantéieren a sollen där Bevëlkerung zeguttkommen, déi am direkte Kontakt mam St. Gabriel’s Hospital steet an an den Dierfer aus der Ëmgéigend lieft. D’Schwéierpunkte vun eiser Entwécklungsaarbecht sinn déi follgend Beräicher: Fërderung vun der Gesondheet, Zougang zu propperem Waasser, Verbesserung vun den hygieneschen Bedéngungen, wirtschaftlech Entwécklung vun den Duerfgemeinschaften duerch eng méi produktiv Landwirtschaft, d’Fërderung vun der Bildung vu Fraen a Kanner, genee ewéi humanitär Hëllef an akuten Noutsituatiounen.
Projeten

Einrichtungen
- St. Gabriel’s Hospital
- St. Theresa Nursery School
- Bethany Guest House
- St. Theresa Prayer House
- Our Lady Mount Carmel Nursery School
- St. Joseph Cottage
Gemeinschaften
- Our Lady Mount Carmel Community Namitete, Lilongwe Archdiocese
- St. Theresa of Jesus Community, Lilongwe Archdiocese
- St John of the Cross Community, Ganya, Dedza Diocese
- Anna Paula Bove Novitiate, Mlombozi, Zomba Diocese
- St Elizabeth of the Holy Trinity community, Kadikira, Blantyre Archdiocese
Kontakt
- Telefon