Fondation Ste Zithe

MOTOmed Beweegungstherapie zu Konsdref

Beweegung ass e Grondbedierfnes vum Mënsch. All Beweegung, a besonnesch sportlechen Training, stäerken net nëmmen de Kierper, mee och d’Psyche. Mee leider kann net jidderee einfach opstoen a sech e bësse beweegen, d’Been strecken. Wann een am Rollstull ass oder souguer am Bett muss léien, sinn d’Méiglechkeeten ganz limitéiert. De Mangel u Bewegung féiert zu engem ëmmer méi starken Verloscht vun der Muskelkraaft an enger Stéierung vum allgemenge Wuelbefannen.

 

Ee Wee fir de Mangel un Beweegung ze reduzéieren, fënnt een elo an eiser Seniorie St Joseph zu Konsdref. Dank Äre Spenden konnt ee MOTOmed-Beweegungstherapie-Apparat fir 7.235 Euro kaaft ginn. MOTOmed gëtt weltwäit an der neurologescher, orthopedescher a kardiologescher Rehabilitatioun a Geriatrie benotzt. Wëssenschaftlech Studien hunn d’Effikassitéit bestätegt a weisen d’Virdeeler vun dëser Form vun Trainingstherapie souwuel an der alldeeglecher Therapie wéi och am eegeständegen Training. Wat speziell un MOTOmed ass, ass datt d’Beweegungstherapie aus engem Stull, Rollstull oder Fleegebett duerchgefouert ka ginn. Déi passiv, déi assistéiert an déi aktiv Beweegunge baséieren um Vëlofueren. Déi zyklesch Beweegunge vun de Been an Äerm oder vum Uewerkierper sinn motoresch ënnerstëtzt a kënnen dofir un individuell Besoinen a Fäegkeeten ugepasst ginn.

 

D’MOTOmed Bewegungstherapie aktivéiert de Rescht vun der Muskelkraaft vun eise Bewunner, reduzéiert d’Spastizitéit, stäerkt d’Psyche an d’Wuelbefannen a wirkt entgéint d’allgemeng Erschöpfung.

Am Numm vun den Bewunner soe mir all Spender MERCI, déi dëse Projet méiglech gemaach hunn.

All d'Projeten entdecken

Demenzgaart

Fir vill Leit assd’Zäit an der Natur mat Fräiheet an Entspanung verbonnen an huet positiv Auswierkungen op hir kierperlech a mental Gesondheet.

Holzatelier zu Consdorf

D‘Seniorie Ste Zithe zu Consdorf bitt hire Bewunner vill Aktivitéiten, déi op hir Besoinen zougeschnidde sinn. D’Aarbecht mat Holz ass hei eppes Besonnesches. Am Holzatelier gi qualitativ héichwäerteg, kreativ an eenzegaarteg Stécker gemaach. Dës Aktivitéiten hëllefen de Bewunner, hir eege Fäegkeeten nei z’entdecken, hiert Selbstvertrauen ze stäerken an hiert Selbstwertgefill ze erhéijen. Awer ier se ugefaangen hunn, hir eege schéin eenzegaarteg Stécker ze kreéieren, hunn d’Workshop-Participanten eppes fir sech selwer geschaft. Mat Holz, dat vun der Fondation Ste Zithe finanzéiert gouf, hu si e fréier bësse chaoteschen Atelier an e gutt strukturéierten, prakteschen an uerdentlechen Atelier ëmgewandelt.
Am Numm vun de Bewunner soe mir all de Spender Merci, déi dëst méiglech gemaach hunn.

Spenden

Seit 1872 folgt die Zitha auf Basis christlicher Werte den Idealen Hilfsbereitschaft, Mitgefühl und Menschlichkeit, um in Luxemburg und Malawi ihren Dienst am Menschen zu erfüllen. Helfen auch Sie.

Jede Hilfe zählt

Wir hören einander offen, ehrlich interessiert und einfühlsam zu. Dazu gehört eine Haltung der Freundlichkeit, der Aufrichtigkeit und des respektvollen Umgangs miteinander.

Spenden

Zanter 1872 verfollegt d‘Zitha op der Basis vu chrëschtleche Wäerter d’Idealer Hëllefsbereetschaft, Matgefill a Mënschlechkeet, fir zu Lëtzebuerg an am Malawi hiren Déngscht um Mënsch ze erfëllen. Hëlleft och Dir.

All Hëllef zielt

Mir lauschteren eis mat Oppenheet, éierlechem Interessi an Afillungsverméigen no. Dozou gehéiert eng Haltung vu Frëndlechkeet, Opriichtegkeet a vum respektvollen Ëmgang mateneen.