Fondation Ste Zithe

Category: Fondation Ste Zithe

Demenzgaart

Fir vill Leit assd’Zäit an der Natur mat Fräiheet an Entspanung verbonnen an huet positiv Auswierkungen op hir kierperlech a mental Gesondheet.

Holzatelier zu Consdorf

D‘Seniorie Ste Zithe zu Consdorf bitt hire Bewunner vill Aktivitéiten, déi op hir Besoinen zougeschnidde sinn. D’Aarbecht mat Holz ass hei eppes Besonnesches. Am Holzatelier gi qualitativ héichwäerteg, kreativ an eenzegaarteg Stécker gemaach. Dës Aktivitéiten hëllefen de Bewunner, hir eege Fäegkeeten nei z’entdecken, hiert Selbstvertrauen ze stäerken an hiert Selbstwertgefill ze erhéijen. Awer ier se ugefaangen hunn, hir eege schéin eenzegaarteg Stécker ze kreéieren, hunn d’Workshop-Participanten eppes fir sech selwer geschaft. Mat Holz, dat vun der Fondation Ste Zithe finanzéiert gouf, hu si e fréier bësse chaoteschen Atelier an e gutt strukturéierten, prakteschen an uerdentlechen Atelier ëmgewandelt.
Am Numm vun de Bewunner soe mir all de Spender Merci, déi dëst méiglech gemaach hunn.

MOTOmed Beweegungstherapie zu Konsdref

Beweegung ass e Grondbedierfnes vum Mënsch. All Beweegung, a besonnesch sportlechen Training, stäerken net nëmmen de Kierper, mee och d’Psyche. Mee leider kann…

Vakanz vum Alldag

Eng Vakanz gëtt nei Energie a Freed um Liewen. Et ass wéi eng Paus vum Alldag, erweidert den eegenen Horizont a hannerléisst schéin Erënnerungen. Dat gëllt och, respektiv…

Musek fir eng besser Liewensqualitéit

Musek ass Deel vum Liewen. Sie begeeschtert, erwächt Erënnerungen, beréiert a schwätzt a hierer Diversitéit mat jidderengem. Awer Musek kann nach vill méi. Sie beaflosst…

Therapie mat Hëllef vun Déieren

D’Déiere beurteelen d’Leit net op Basis vun Ausgesinn, Alter oder méiglecher Behënnerung. Déiere wëllen d’Leit net änneren – si huelen d’Leit wéi se sinn, si begéinen dem Mënsch oppen…

Hand an Hand – Fleegetelefon Lëtzebuerg

D’Betreiung vun all fleegebedierftege Leit zu Lëtzebuerg wier ondenkbar ouni d’Hëllef vu Familljen an anere Persounen. Eleng oder an Zesummenaarbecht mat engem ambulanten Fleegedéngscht suerge si fir d’Betreiung vun…

Spenden

Seit 1872 folgt die Zitha auf Basis christlicher Werte den Idealen Hilfsbereitschaft, Mitgefühl und Menschlichkeit, um in Luxemburg und Malawi ihren Dienst am Menschen zu erfüllen. Helfen auch Sie.

Jede Hilfe zählt

Wir hören einander offen, ehrlich interessiert und einfühlsam zu. Dazu gehört eine Haltung der Freundlichkeit, der Aufrichtigkeit und des respektvollen Umgangs miteinander.

Spenden

Zanter 1872 verfollegt d‘Zitha op der Basis vu chrëschtleche Wäerter d’Idealer Hëllefsbereetschaft, Matgefill a Mënschlechkeet, fir zu Lëtzebuerg an am Malawi hiren Déngscht um Mënsch ze erfëllen. Hëlleft och Dir.

All Hëllef zielt

Mir lauschteren eis mat Oppenheet, éierlechem Interessi an Afillungsverméigen no. Dozou gehéiert eng Haltung vu Frëndlechkeet, Opriichtegkeet a vum respektvollen Ëmgang mateneen.