Fondation Ste Zithe

Coifferssalon Seniorie Saint Jean de la Croix Luxembourg

« Der Friseur gibt dem Ich neuen Schwung »

« Der Friseur gibt dem Ich neuen Schwung » Dat war virun e puer Joer d’Motto vun der däitscher Coiffers-Federatioun. Fir vill Leit, a besonnesch dacks fir Fraen, ass de Coiffer wichteg fir d’Wuelbefannen an d’Zefriddenheet. E Besuch beim Coiffer ass eng Paus am Alldag, e Rendez-vous, op deen ee sech freet. Fir d’Residentë vun enger Seniorie ass et awer dacks net méi méiglech oder awer ganz beschwéierlech, fir bei de Coiffer ze goen. Dat improviséiert Coifféiere iwwert dem Lavabo am Buedzëmmer oder souguer um Stull virum Bett ass net dat Selwecht. Dofir huet d’Fondation Ste Zithe direkt hir Ënnerstëtzung zougeséchert, wou d’Seniorie Saint Jean de la Croix 2019 virgeschloen huet, e professionelle Coifferssalon an de Raimlechkeete vun der Seniorie anzeriichten. De Projet gouf mat 42.219.61 € aus Spenden ënnerstëtzt, déi fir d’Seniorie Saint Jean de la Croix un d’Fondation Ste Zithe gemaach goufen. An der Noperschaft gouf e Salon fonnt, deen zu festen Zäiten elo an der Seniorie alles ubitt, wat de Residentë gutt deet, a wat se sech fir hir Hoer wënschen.

Mir soen allen Donateuren, déi dat méiglech gemaach hunn, en häerzleche Merci.

All d'Projeten entdecken

Demenzgaart

Fir vill Leit assd’Zäit an der Natur mat Fräiheet an Entspanung verbonnen an huet positiv Auswierkungen op hir kierperlech a mental Gesondheet.

Holzatelier zu Consdorf

D‘Seniorie Ste Zithe zu Consdorf bitt hire Bewunner vill Aktivitéiten, déi op hir Besoinen zougeschnidde sinn. D’Aarbecht mat Holz ass hei eppes Besonnesches. Am Holzatelier gi qualitativ héichwäerteg, kreativ an eenzegaarteg Stécker gemaach. Dës Aktivitéiten hëllefen de Bewunner, hir eege Fäegkeeten nei z’entdecken, hiert Selbstvertrauen ze stäerken an hiert Selbstwertgefill ze erhéijen. Awer ier se ugefaangen hunn, hir eege schéin eenzegaarteg Stécker ze kreéieren, hunn d’Workshop-Participanten eppes fir sech selwer geschaft. Mat Holz, dat vun der Fondation Ste Zithe finanzéiert gouf, hu si e fréier bësse chaoteschen Atelier an e gutt strukturéierten, prakteschen an uerdentlechen Atelier ëmgewandelt.
Am Numm vun de Bewunner soe mir all de Spender Merci, déi dëst méiglech gemaach hunn.

Spenden

Seit 1872 folgt die Zitha auf Basis christlicher Werte den Idealen Hilfsbereitschaft, Mitgefühl und Menschlichkeit, um in Luxemburg und Malawi ihren Dienst am Menschen zu erfüllen. Helfen auch Sie.

Jede Hilfe zählt

Wir hören einander offen, ehrlich interessiert und einfühlsam zu. Dazu gehört eine Haltung der Freundlichkeit, der Aufrichtigkeit und des respektvollen Umgangs miteinander.

Spenden

Zanter 1872 verfollegt d‘Zitha op der Basis vu chrëschtleche Wäerter d’Idealer Hëllefsbereetschaft, Matgefill a Mënschlechkeet, fir zu Lëtzebuerg an am Malawi hiren Déngscht um Mënsch ze erfëllen. Hëlleft och Dir.

All Hëllef zielt

Mir lauschteren eis mat Oppenheet, éierlechem Interessi an Afillungsverméigen no. Dozou gehéiert eng Haltung vu Frëndlechkeet, Opriichtegkeet a vum respektvollen Ëmgang mateneen.