Fondation Ste Zithe

Aktivitéit a gesond Mobilitéit am Wunnberäich

An der Seniorie Ste Zithe zu Contern entstinn no an no an alle Wunnberäicher Aktivitéitsecken, déi vun der Fondation Ste Zithe aus Donen finanzéiert ginn. Eise Kierper ass net nëmmen d’Schuel vum Geescht, mee huet e groussen Undeel un eisem Wuelbefannen a Selbstbild.

Fir all Wunnberäich goufen, no de Bedierfnesser vun den Bewunner an zesumme mat der therapeutescher Equipe vun de Seniorie, Konzepter entwéckelt, fir Beräicher ze gestalten, déi alueden déi eege Fäegkeeten ze trainéieren. Verschidde Offere si do fir motoresch Fäegkeeten, Fangerempfindlechkeet, Balance, Ausdauer a kognitiv Fäegkeeten ze fërderen an z’erhalen. De kardiovaskuläre System gëtt och speziell ënnerstëtzt. Kierperlech Aktivitéit an Ustrengung bréngen Freed a stäerken de Kierper a de Geescht. D’Bewunner kréien eng ganzheetlech Ënnerstëtzung a kënne méi einfach mat den Erausfuerderunge vum Alldag ëmgoen.

Bis elo ware Bewegungsunitéiten un d’Disponibilitéit vu Rendez-vous’en, fräi Raimlechkeeten an Therapeuten oder Fleegepersonal gebonnen. Spontan, spilleresch Unitéiten am sozialen Mateneen vun de Bewunner vun enger Wunnunitéit waren leider net méiglech. Déi nei Offeren an de Wunnberäicher sinn elo zu all Moment fir d’Bewunner op a kënnen och zesumme mat Frënn a Famill genotzt ginn.

D’Fleegepersonal op de Stäck wäert de Bewunner motivéierend ënnerstëtzen bei der Notzung vun dem Ugebuet, an esou d’Resultater vun eenzele therapeutesche Moossnamen konsolidéieren. Dës multidisziplinär Teamaarbecht fir d’Wuelbefannen vun de Bewunner kann d’Effikassitéit vun medezinesch noutwenneg Behandlungen, déi op Ordonnance vu Ergotherapeuten a Physiotherapeuten ugebuede ginn, erhéijen an dat allgemeng Wuelbefannen däitlech verbesseren.

Mat all de positiven gesondheetlechen Auswierkunge sollen dës Beräicher awer virun allem Freed maachen an eng Fräizäitaktivitéiten sinn, déi de Leit e Laachen op d’Gesiicht zaubert.

D’Käschte vum Projet belafe sech op ronn 40.000 Euro.

Am Numm vun den Awunner vun der Seniorie soen mir all Donateuren e grouße MERCI, déi dëse Projet méiglech maachen.

All d'Projeten entdecken

Demenzgaart

Fir vill Leit assd’Zäit an der Natur mat Fräiheet an Entspanung verbonnen an huet positiv Auswierkungen op hir kierperlech a mental Gesondheet.

Holzatelier zu Consdorf

D‘Seniorie Ste Zithe zu Consdorf bitt hire Bewunner vill Aktivitéiten, déi op hir Besoinen zougeschnidde sinn. D’Aarbecht mat Holz ass hei eppes Besonnesches. Am Holzatelier gi qualitativ héichwäerteg, kreativ an eenzegaarteg Stécker gemaach. Dës Aktivitéiten hëllefen de Bewunner, hir eege Fäegkeeten nei z’entdecken, hiert Selbstvertrauen ze stäerken an hiert Selbstwertgefill ze erhéijen. Awer ier se ugefaangen hunn, hir eege schéin eenzegaarteg Stécker ze kreéieren, hunn d’Workshop-Participanten eppes fir sech selwer geschaft. Mat Holz, dat vun der Fondation Ste Zithe finanzéiert gouf, hu si e fréier bësse chaoteschen Atelier an e gutt strukturéierten, prakteschen an uerdentlechen Atelier ëmgewandelt.
Am Numm vun de Bewunner soe mir all de Spender Merci, déi dëst méiglech gemaach hunn.

Spenden

Seit 1872 folgt die Zitha auf Basis christlicher Werte den Idealen Hilfsbereitschaft, Mitgefühl und Menschlichkeit, um in Luxemburg und Malawi ihren Dienst am Menschen zu erfüllen. Helfen auch Sie.

Jede Hilfe zählt

Wir hören einander offen, ehrlich interessiert und einfühlsam zu. Dazu gehört eine Haltung der Freundlichkeit, der Aufrichtigkeit und des respektvollen Umgangs miteinander.

Spenden

Zanter 1872 verfollegt d‘Zitha op der Basis vu chrëschtleche Wäerter d’Idealer Hëllefsbereetschaft, Matgefill a Mënschlechkeet, fir zu Lëtzebuerg an am Malawi hiren Déngscht um Mënsch ze erfëllen. Hëlleft och Dir.

All Hëllef zielt

Mir lauschteren eis mat Oppenheet, éierlechem Interessi an Afillungsverméigen no. Dozou gehéiert eng Haltung vu Frëndlechkeet, Opriichtegkeet a vum respektvollen Ëmgang mateneen.