Fondation Ste Zithe

Therapie mat Hëllef vun Déieren

D’Déiere beurteelen d’Leit net op Basis vun Ausgesinn, Alter oder méiglecher Behënnerung. Déiere wëllen d’Leit net änneren – si huelen d’Leit wéi se sinn, si begéinen dem Mënsch oppen an ouni Virurteeler. Genee dofir erhéicht de Kontakt mat Déieren d’Liewensfreed, d’Liewensqualitéit an d’sozial Kompetenzen.

42 Awunner vum Senioren Joseph St. Joseph zu Konsdref solle vun dësem Mënsch-Déier Kontakt profitéieren kënnen. An engem Pilotprojet besichen d’Awunner reegelméisseg a klenge Gruppen de Pädagogesche Bauerenhaff Bricher Paerdsstall vun der Famill Mazzone-Bausch zu Brouch/Miersch fir mat den Déieren ze schaffen. Si gi begleet vu qualifizéierten Mataarbechter vun der Seniorie St Joseph Consdorf, déi enk mat dem qualifizéierten Personal vum Bauerenhaff zesummeschaffen.

Fir jiddereen dee matmecht ginn individuell Ziler formuléiert, déi dann speziell am Kontakt mat de Päerd an aneren Déieren verfollegt ginn. Ausflich mat den Déieren vun e puer Stonnen sinn och méiglech. Kierperlech (z.B. Verbesserung vun der Grouss- a Feinmotorik, Gläichgewiicht, Kraaft an Ausdauer) a psychologesch (z.B. Verbesserung vun der Perceptioun, Empathie, Kommunikatioun a Sprooch) kënnen d’Bewunner vun der Seniorie dovun profitéieren. Déi positiv Entwécklung entsteet aus der Aarbecht mat a fir déi Déieren. D’Awunner kënnen eng Relatioun mat den Déieren opbauen, Verantwortung iwwerhuelen, d’Bedierfnesser vun den Déieren erkennen an domat hir Selbstschätzung stäerken.

An der éischter Phase ass d’Bedeelegung vun 42 Pensionäre iwwer eng Period vun 12 Méint geplangt. Si ginn a klenge Gruppen opgedeelt a besichen de Bauerenhaff reegelméisseg vu Januar bis Dezember 2022.

D’Käschte vum Projet belafe sech op 11.000 Euro.

 

Mir soen allen Donateuren, déi dat méiglech gemaach hunn, en häerzleche Merci.

All d'Projeten entdecken

Demenzgaart

Fir vill Leit assd’Zäit an der Natur mat Fräiheet an Entspanung verbonnen an huet positiv Auswierkungen op hir kierperlech a mental Gesondheet.

Holzatelier zu Consdorf

D‘Seniorie Ste Zithe zu Consdorf bitt hire Bewunner vill Aktivitéiten, déi op hir Besoinen zougeschnidde sinn. D’Aarbecht mat Holz ass hei eppes Besonnesches. Am Holzatelier gi qualitativ héichwäerteg, kreativ an eenzegaarteg Stécker gemaach. Dës Aktivitéiten hëllefen de Bewunner, hir eege Fäegkeeten nei z’entdecken, hiert Selbstvertrauen ze stäerken an hiert Selbstwertgefill ze erhéijen. Awer ier se ugefaangen hunn, hir eege schéin eenzegaarteg Stécker ze kreéieren, hunn d’Workshop-Participanten eppes fir sech selwer geschaft. Mat Holz, dat vun der Fondation Ste Zithe finanzéiert gouf, hu si e fréier bësse chaoteschen Atelier an e gutt strukturéierten, prakteschen an uerdentlechen Atelier ëmgewandelt.
Am Numm vun de Bewunner soe mir all de Spender Merci, déi dëst méiglech gemaach hunn.

Spenden

Seit 1872 folgt die Zitha auf Basis christlicher Werte den Idealen Hilfsbereitschaft, Mitgefühl und Menschlichkeit, um in Luxemburg und Malawi ihren Dienst am Menschen zu erfüllen. Helfen auch Sie.

Jede Hilfe zählt

Wir hören einander offen, ehrlich interessiert und einfühlsam zu. Dazu gehört eine Haltung der Freundlichkeit, der Aufrichtigkeit und des respektvollen Umgangs miteinander.

Spenden

Zanter 1872 verfollegt d‘Zitha op der Basis vu chrëschtleche Wäerter d’Idealer Hëllefsbereetschaft, Matgefill a Mënschlechkeet, fir zu Lëtzebuerg an am Malawi hiren Déngscht um Mënsch ze erfëllen. Hëlleft och Dir.

All Hëllef zielt

Mir lauschteren eis mat Oppenheet, éierlechem Interessi an Afillungsverméigen no. Dozou gehéiert eng Haltung vu Frëndlechkeet, Opriichtegkeet a vum respektvollen Ëmgang mateneen.