Fondation Ste Zithe

Bildung als Zukunftschance

Grouss Distanzen, feelend Infrastrukturen an dacks schlecht ausgebilt Léierpersonal sinn nieft der finanzieller Nout am Malawi grouss Hürden um Wee zu enger zolitter Schoulbildung. Den Alphabetisierungstaux läit bei ronn 60 % (lescht Erhiewung 2015), wat bedeit, datt net emol all Drëtte liesen a schreiwe kann. Frae sinn heivunner méi staark betraff ewéi Männer.

Zikomo – Hilfe für Malawi huet dofir als Zil, d’Entwécklungsaarbecht an de Beräicher Bildung a Gesondheet ze fërderen. Si konzentréiert sech dobäi op d’Regioun ronderëm d’St. Gabriel’s Hospital zu Namitete, dat vun den ZithaSchwëstere gebaut gouf an ongeféier 1,5 Autosstonne vun der Haaptstad Lilongwe ewech läit.
All Joer ginn ongeféier. 40 Kanner a Jugendlecher an der Secondary School gefërdert, genee ewéi 16 Studenten a Studentinnen op Collegen an Universitéiten. Dofir ginn all Joer ronn 22.000 € u Spende gebraucht.

Mir soen allen Donateuren, déi dat méiglech gemaach hunn, en häerzleche Merci.

All d'Projeten entdecken

MOTOmed Beweegungstherapie zu Konsdref

Beweegung ass e Grondbedierfnes vum Mënsch. All Beweegung, a besonnesch sportlechen Training, stäerken net nëmmen de Kierper, mee och d’Psyche. Mee leider kann…

Spenden

Seit 1872 folgt die Zitha auf Basis christlicher Werte den Idealen Hilfsbereitschaft, Mitgefühl und Menschlichkeit, um in Luxemburg und Malawi ihren Dienst am Menschen zu erfüllen. Helfen auch Sie.

Jede Hilfe zählt

Wir hören einander offen, ehrlich interessiert und einfühlsam zu. Dazu gehört eine Haltung der Freundlichkeit, der Aufrichtigkeit und des respektvollen Umgangs miteinander.

Spenden

Zanter 1872 verfollegt d‘Zitha op der Basis vu chrëschtleche Wäerter d’Idealer Hëllefsbereetschaft, Matgefill a Mënschlechkeet, fir zu Lëtzebuerg an am Malawi hiren Déngscht um Mënsch ze erfëllen. Hëlleft och Dir.

All Hëllef zielt

Mir lauschteren eis mat Oppenheet, éierlechem Interessi an Afillungsverméigen no. Dozou gehéiert eng Haltung vu Frëndlechkeet, Opriichtegkeet a vum respektvollen Ëmgang mateneen.