Fondation Ste Zithe

Eng Vakanz gëtt nei Energie a Freed um Liewen. Et ass wéi eng Paus vum Alldag, erweidert den eegenen Horizont a hannerléisst schéin Erënnerungen. Dat gëllt och, respektiv virun allem, fir d‘Bewunner vun enger Seniorie, déi schwéier fleegebedierfteg sinn, déi awer duerch hir Behënnerungen eigentlech keng Méiglechkeet hunn eng Vakanz ze erliewen.

Mee well eng Rees den ustrengenden a groen Alldag méi erdrobar mécht, wollte mir dat änneren. Et sinn Vakanzreesen geplangt, déi ganz op déi individuell Bedierfnesser vun de Bewunner an hirem Wuelbefannen ugepasst sinn. Op dës Manéier erliewen déi betraffe Leit hiert Liewen als räich a liewenswäert.

Den däitschen Dichter Matthias Claudius ( † 1815) schreift: “Wann een op d’Rees geet, kann en eppes verzielen…”. Do kann een nëmmen d’akkord sinn, an esou stäerken d’Reesen déi aktiv Kommunikatioun an d’Interaktioun mat aneren Bewunner, der eegener Famill a Frënn. D’Reese beräicheren d’Liewen a féieren zu engem Glécksgefill an enger Verbesserung vum Wuelbefannen. Stress gëtt reduzéiert an dat eegent Liewen gëtt aus enger anerer Perspektiv gesinn.

Fir den Ufank ze maachen si fir schwéier fleegebedierfteg Bewunner vun der Seniorie St Joseph zu Konsdref dräi bis véier Nuechten an engem besonnesch fir behënnert a fleegebedierfteg Leit geeegneten Hotel um Mier geplangt. D’Rees, déi vu professionellem Fleegepersonal begleet gët, ass fir déi éischt Halschent vum Joer 2022 geplangt. Et as virgesin, datt sechs Bewunner mat schwéieren kierperlechen a kognitiven Behënnerungen un dëser Vakanzenrees deelhuelen, déi 4.000 Euro kascht.

Mir soen allen Donateuren MERCI, déi dat fir déi betraffe Leit méiglech maachen.

All d'Projeten entdecken

MOTOmed Beweegungstherapie zu Konsdref

Beweegung ass e Grondbedierfnes vum Mënsch. All Beweegung, a besonnesch sportlechen Training, stäerken net nëmmen de Kierper, mee och d’Psyche. Mee leider kann…

Spenden

Seit 1872 folgt die Zitha auf Basis christlicher Werte den Idealen Hilfsbereitschaft, Mitgefühl und Menschlichkeit, um in Luxemburg und Malawi ihren Dienst am Menschen zu erfüllen. Helfen auch Sie.

Jede Hilfe zählt

Wir hören einander offen, ehrlich interessiert und einfühlsam zu. Dazu gehört eine Haltung der Freundlichkeit, der Aufrichtigkeit und des respektvollen Umgangs miteinander.

Spenden

Zanter 1872 verfollegt d‘Zitha op der Basis vu chrëschtleche Wäerter d’Idealer Hëllefsbereetschaft, Matgefill a Mënschlechkeet, fir zu Lëtzebuerg an am Malawi hiren Déngscht um Mënsch ze erfëllen. Hëlleft och Dir.

All Hëllef zielt

Mir lauschteren eis mat Oppenheet, éierlechem Interessi an Afillungsverméigen no. Dozou gehéiert eng Haltung vu Frëndlechkeet, Opriichtegkeet a vum respektvollen Ëmgang mateneen.