St. Gabriel’s Hospital

Krankeversuergung als Déngscht um Mënsch

D’St. Gabriel’s Hospital zu Namitete ass dank dem Asaz an der Fërderung vun den ZithaSchwësteren eent vun de beschte Spideeler am Malawi. An dëser ganz ländlecher Géigend war dëst Spidol am Ufank déi eenzeg Méiglechkeet, eng medezinesch Grondversuergung ze garantéieren. Gegrënnt als Spidol fir déi Äermst vun deenen Aarmen, bitt et och haut nach jiddwerengem eng medezinesch Grondversuergung. Och deenen, déi sech dat am Fong net leeschte kéinten.

Iwwer eis

Op Ufro vum fréiere Bëschof Fady vum Malawi (deemools nach Njassaland), betreien d’ZithaSchwësteren schonn zanter 1959 e Spidol, deem säi Bau sengerzäit vum Poopst Pius XII. an d’Weeër geleet gouf. Dank dem Engagement vun de Schwëstere gouf aus dem ursprénglech ganz klenge Buschspidol e wäitleefegen a fir malawesch Verhältnisser moderne Spidolskomplex.

Eis Aufgaben

Als Missiounsspidol ass d’St. Gabriel’s Hospital den ZithaSchwësteren an hiren Idealer verflicht. All Kranken, deen heihinner kënnt, gëtt beschtméiglech versuergt – onofhängeg vu senge finanzielle Méiglechkeeten. D’Medikamenter an d’Maintenance vun de Gebaier an den Infrastrukture sinn allerdéngs käschtenintensiv a fir d’St. Gabriel’s Hospital net aus eegener Kraaft ze erwirtschaften. Et ass deemno permanent op Fërderung ugewisen, fir déi iwwer 250.000 deels ganz aarm Leit a senger wäitleefeger Ëmgéigend medezinesch ze versuergen.

Fërderprojeten

Zesummenaarbecht mat dem däitsche Medikamentenhëllefswierk Action Medeor

D’Versuergung vum Spidol mat Medikamenter ass besonnesch käschtenintensiv. Duerch d’Zesummenaarbecht mat Action Medeor kann d’Spidol zouverlässeg a bedarfsgerecht mat Medikamenter vu gepréifter Qualitéit versuergt ginn.

Unsere Projekte

Die Arbeit der Fondation Ste Zithe –
Werfen Sie einen Blick auf die bereits von uns realisierten Projekte und solche, die wir aktuell verwirklichen.

Luxemburg

Malawi/St. Gabriel’s Hospital

Kontaktdaten zur Organisation

Hëlleft eis, ze hëllefen.

D‘Fondation Ste Zithe fërdert laut hire Statuten Zitha-Wierker zu Lëtzebuerg an am Malawi. Hëlleft och Dir.