Fondation Ste Zithe

D’ONG Eng oppen Hand fir Malawimam Schwéierpunkt Entwécklungshëllef huet scho ganz vill Projeten ëmgesat, déi drop ausgeriicht sinn, d’Hëllef zur Selbsthëllef ze fërderen. Ee vun dëse Projeten ass CABU.

CABU ass e Projet, deen op dräi Joer ausgeluecht war an dee mat insgesamt 357.501,- € gefërdert gouf. CABU steet dobäi fir „Capacity Building“ an hat als Zil, d’Mataarbechter vum Zitha-Partner St. Gabriel’s Hospital bei der Ëmsetzung vun eegene Projeten ze ënnerstëtzen. D’Ënnerstëtzung konzentréiert sech dobäi op d’Beräicher Project Management, Wëssenstransfert, lokal Weiderbildungen an en NGO-Büro. D’Mataarbechter sollten esou am Project Management weidergebilt ginn, fir Projete méi professionell ëmsetzen ze kënnen. Eng Missioun (2x d’Joer) vu lëtzebuergesche Professionellen a Schoulmeeschteren/Léierinne sollt déi technesch Ekipp an d’Mataarbechter vun der Spidolsapdikt an d’Enseignantë vu Chinyata a Sele hiert Fachwësse vermëttelen. Lokal Weiderbildungsméiglechkeeten an en NGO-Büro hunn doriwwer eraus séchergestallt, datt déi ënnerstëtzend Moossname weiderhi garantéiert ginn an d’Projetsaarbecht sech weider professionaliséiere kann.

Mir soen allen Donateuren, déi dat méiglech gemaach hunn, en häerzleche Merci.

All d'Projeten entdecken

MOTOmed Beweegungstherapie zu Konsdref

Beweegung ass e Grondbedierfnes vum Mënsch. All Beweegung, a besonnesch sportlechen Training, stäerken net nëmmen de Kierper, mee och d’Psyche. Mee leider kann…

Spenden

Seit 1872 folgt die Zitha auf Basis christlicher Werte den Idealen Hilfsbereitschaft, Mitgefühl und Menschlichkeit, um in Luxemburg und Malawi ihren Dienst am Menschen zu erfüllen. Helfen auch Sie.

Jede Hilfe zählt

Wir hören einander offen, ehrlich interessiert und einfühlsam zu. Dazu gehört eine Haltung der Freundlichkeit, der Aufrichtigkeit und des respektvollen Umgangs miteinander.

Spenden

Zanter 1872 verfollegt d‘Zitha op der Basis vu chrëschtleche Wäerter d’Idealer Hëllefsbereetschaft, Matgefill a Mënschlechkeet, fir zu Lëtzebuerg an am Malawi hiren Déngscht um Mënsch ze erfëllen. Hëlleft och Dir.

All Hëllef zielt

Mir lauschteren eis mat Oppenheet, éierlechem Interessi an Afillungsverméigen no. Dozou gehéiert eng Haltung vu Frëndlechkeet, Opriichtegkeet a vum respektvollen Ëmgang mateneen.