Fondation Ste Zithe

Medikamenter fir de Malawi

Am Ënnerscheed zu den Industriestaaten ass déi medezinesch Infrastruktur am Malawi kaum entwéckelt a bitt de Patienten nëmmen e ganz ageschränkten Zougang zu Medikamenter. Esou sicht een zum Beispill am Malawi ëmsoss no Apdikten – wa si Medikamenter sichen, wende sech d’Leit meeschtens direkt u Spideeler oder Gesondheetsstatiounen.


Et sinn awer net nëmmen net genuch Medikamenter do, och hir Qualitéit ass e Problem.
Eng vun de Plazen, op där d’Bevëlkerung no Medikamenter sicht, ass d’Missiounsspidol St. Gabriel’s, dat 1959 vun den ZithaSchwësteren gegrënnt gouf a Patienten aus der wäitleefeger Regioun op Namitete reese léisst. De Grond dofir ass déi zouverlässeg Versuergung mat héichwäertege Medikamenter.


D’Versuergung mat Medikamenter, deenen hir Wierksamkeet gepréift gouf, gëtt duerch d’Fondation Ste Zithe an Zesummenaarbecht mam Medikamentenhëllefswierk Action Medeor assuréiert. Dës Kooperatioun schützt d’Patiente vum St. Gabriel’s Hospital virun onseriösem Pharmahandel an erméiglecht gläichzäiteg d’Zouverlässegkeet vun de Liwwerungen an eng bedarfsorientéiert Gestioun vun de Stocken. Op déi Manéier gëtt séchergestallt, datt genuch Medikamenter do sinn, ouni datt hiren Oflafdatum iwwerschratt gëtt.


Well d’St. Gabriel’s Hospital bis haut sengem Grënnungsgedanken an den Idealer vun der Zitha trei bliwwen ass, ginn och Patienten, déi sech noutwenneg Medikamenter net leeschte kënnen, fir näischt versuergt.


Zanter dem Ufank vum Projet konnt d’Fondation Ste Zithe d’St. Gabriel’s Hospital mat Medikamenter am Wäert vun iwwer 925.000,– € versuergen. (Stand Sept. 2021)

Mir soen allen Donateuren, déi dat méiglech gemaach hunn, en häerzleche Merci.

All d'Projeten entdecken

MOTOmed Beweegungstherapie zu Konsdref

Beweegung ass e Grondbedierfnes vum Mënsch. All Beweegung, a besonnesch sportlechen Training, stäerken net nëmmen de Kierper, mee och d’Psyche. Mee leider kann…

Spenden

Seit 1872 folgt die Zitha auf Basis christlicher Werte den Idealen Hilfsbereitschaft, Mitgefühl und Menschlichkeit, um in Luxemburg und Malawi ihren Dienst am Menschen zu erfüllen. Helfen auch Sie.

Jede Hilfe zählt

Wir hören einander offen, ehrlich interessiert und einfühlsam zu. Dazu gehört eine Haltung der Freundlichkeit, der Aufrichtigkeit und des respektvollen Umgangs miteinander.

Spenden

Zanter 1872 verfollegt d‘Zitha op der Basis vu chrëschtleche Wäerter d’Idealer Hëllefsbereetschaft, Matgefill a Mënschlechkeet, fir zu Lëtzebuerg an am Malawi hiren Déngscht um Mënsch ze erfëllen. Hëlleft och Dir.

All Hëllef zielt

Mir lauschteren eis mat Oppenheet, éierlechem Interessi an Afillungsverméigen no. Dozou gehéiert eng Haltung vu Frëndlechkeet, Opriichtegkeet a vum respektvollen Ëmgang mateneen.