Fondation Ste Zithe

Musek fir eng besser Liewensqualitéit

Musek ass Deel vum Liewen. Sie begeeschtert, erwächt Erënnerungen, beréiert a schwätzt a hierer Diversitéit mat jidderengem. Awer Musek kann nach vill méi. Sie beaflosst eise Geescht a kann souguer heelen. Et gouf wëssenschaftlech bewisen datt Musek ganz effikass ass, besonnesch an der Therapie vu Leit mat Demenz, Leit mat Tinnitus, Depressioun, Burn-Out Syndromer, Schmerzpatienten oder an der Neurorehabilitatioun.

D’Musek huet also eng besonnesch Plaz an de Seniorien vun der Zitha. Zum Beispill sinn all Mount kleng Concerten an der Seniorie zu Konsdref a musikalesch Aktivitéite ginn all Woch ugebueden. Dëst erhéicht d’Liewensqualitéit an d’Wuelbefannen vun alle Bewunner a gëtt vun hinnen ganz gutt ugeholl.

Fir d’Qualitéit vun der musikalescher Offer ze erhéijen, huet Fondation Ste Zithe fir d’Seniorie St Joseph zu Konsdref elo déi entspriechend Museksausrüstung fir insgesamt 3.378,00 Euro kaaft. Museker a Kënschtler, déi optrieden an nët dat entspriechend Material hunn, kënnen et notzen, fir datt hir Musek vu jidderengem am Sall gutt ze héieren ass. Gläichzäiteg erlaabt dëse kompakten Soundsystem musikalesch Offeren op verschiddene Plazen am Haus oder op der Terrass ze maachen.

Mir soen allen Donateuren MERCI, déi zu dësem Projet bäigedroen hunn an esou de Kaddo vun der Musek fir eis Bewunner méiglech maachen.

All d'Projeten entdecken

Demenzgaart

Fir vill Leit assd’Zäit an der Natur mat Fräiheet an Entspanung verbonnen an huet positiv Auswierkungen op hir kierperlech a mental Gesondheet.

Holzatelier zu Consdorf

D‘Seniorie Ste Zithe zu Consdorf bitt hire Bewunner vill Aktivitéiten, déi op hir Besoinen zougeschnidde sinn. D’Aarbecht mat Holz ass hei eppes Besonnesches. Am Holzatelier gi qualitativ héichwäerteg, kreativ an eenzegaarteg Stécker gemaach. Dës Aktivitéiten hëllefen de Bewunner, hir eege Fäegkeeten nei z’entdecken, hiert Selbstvertrauen ze stäerken an hiert Selbstwertgefill ze erhéijen. Awer ier se ugefaangen hunn, hir eege schéin eenzegaarteg Stécker ze kreéieren, hunn d’Workshop-Participanten eppes fir sech selwer geschaft. Mat Holz, dat vun der Fondation Ste Zithe finanzéiert gouf, hu si e fréier bësse chaoteschen Atelier an e gutt strukturéierten, prakteschen an uerdentlechen Atelier ëmgewandelt.
Am Numm vun de Bewunner soe mir all de Spender Merci, déi dëst méiglech gemaach hunn.

Spenden

Seit 1872 folgt die Zitha auf Basis christlicher Werte den Idealen Hilfsbereitschaft, Mitgefühl und Menschlichkeit, um in Luxemburg und Malawi ihren Dienst am Menschen zu erfüllen. Helfen auch Sie.

Jede Hilfe zählt

Wir hören einander offen, ehrlich interessiert und einfühlsam zu. Dazu gehört eine Haltung der Freundlichkeit, der Aufrichtigkeit und des respektvollen Umgangs miteinander.

Spenden

Zanter 1872 verfollegt d‘Zitha op der Basis vu chrëschtleche Wäerter d’Idealer Hëllefsbereetschaft, Matgefill a Mënschlechkeet, fir zu Lëtzebuerg an am Malawi hiren Déngscht um Mënsch ze erfëllen. Hëlleft och Dir.

All Hëllef zielt

Mir lauschteren eis mat Oppenheet, éierlechem Interessi an Afillungsverméigen no. Dozou gehéiert eng Haltung vu Frëndlechkeet, Opriichtegkeet a vum respektvollen Ëmgang mateneen.