Fondation Ste Zithe

Hand an Hand – Fleegetelefon Lëtzebuerg

D’Betreiung vun all fleegebedierftege Leit zu Lëtzebuerg wier ondenkbar ouni d’Hëllef vu Familljen an anere Persounen. Eleng oder an Zesummenaarbecht mat engem ambulanten Fleegedéngscht suerge si fir d’Betreiung vun engem fleegebedierftegen Familljemember oder enger hinnen no stoender Persoun.

Zu Lëtzebuerg finanzéiert d’Fleegeversécherung d’Betreiung vu 15.136 Fleegebezéier (Stand 31. Dezember 2019, “Rapport général sur la Sécurité Sociale 2020”). Zwee Drëttel (10.054) vun hinnen goufen doheem versuergt. Am Joer 2018 gouf e Véierel vun de Fleegeversécherungsausgaben u Leit ausbezuelt déi doheem fleegen. Ee Véierel vun deenen, déi doheem versuergt ginn, brauche Betreiung wéinst Demenz, déi dacks mat Verhalensstéierunge verbonnen ass. Nieft der finanzieller  Entschiedegung bitt d’Fleegeversécherung déi Leit, de doheem fleegen sechs Stonne Formatioun d’Joer un. Dëst geet awer op kee Fall duer fir hir Bedierfnesser no Gespréicher, Ënnerstëtzung, Berodung a Formatioun ze erfëllen.

Dei Fleegend si “stëll” Déngschtleeschter an eisem Gesondheetssystem, ouni deenen hir Hëllef et onméiglech wier, déi grouss Zuel vu Leit déi Fleeg brauchen, an déi gären esou laang wéi méiglech doheem bleiwen, ze versuergen. A ville Fäll sin et Frae, gutt an der zweeter Hallschent vun hirem Liewen, déi hire Liewenspartner fleegen an déi beschtméiglech Betreiung wëllen ubidden ouni Fachwëssen iwwer Fleeg a Betreiung ze hun. Si fille sech dacks eleng gelooss an iwwerfuerdert. Och wann et schonn e puer Offeren am Beräich vun der Demenzbetreiung zu Lëtzebuerg gëtt, wéi zum Beispill de “Plan Démence Prévention” zesumme mat der “Info-Zenter Demenz” an d’Offer vun der Lëtzebuerger Alzheimer Associatioun (ALA), ginn et awer nach vill aner Krankheeten, déi eng Erausfuerderung a schwéier eleng ze bewältegen sinn fir dei Betraffen. Dowéinst brauchen déi Leit, déi doheem eng Persoun fleegen weider Ugebueter a Formatiounen an alle Beräicher vun der Betreiung an der Fleeg.

D’Zil vum Projet “Hand an Hand” ass et mat Spenden eng Offer op zwee Niveauen fir all deejéinegen zu Lëtzebuerg ze bidden, déi eng krank Persoun doheem fleegen:

1. «Fleegetelefon»: De Fleegetelefon ass eng anonym a vertraulech Ulafstell déi zweemol d’Woch, jeeweils 2 Stonnen funktionéiert. Hei fannen d’Uruffer oppen Oueren fir hir Suergen a Bedierfnesser, souwéi Äntwerten op ganz praktesch Froen. Ee vun eisen erfuerene Sozialaarbechter hëlt sech Zäit fir Iech, a beréit an ënnerstëtzt Iech sou gutt wéi méiglech.

Fleegetelefon: +352 691 644 644
Méindes bis Freides: vu 9.00 - 12.00 Auer

2. «Formatiounen fir Leit déi doheem eng Persoun fleegen»: Dëst sinn Treffen a klenge Gruppen ënnert der Leedung vun engem Ergotherapeut (3 x 2 Stonnen) zu folgenden Themen: klinesch Biller, Kommunikatioun, Grondfleeg, Hëllefsmëttelen an Hiewtechnik, Falpräventioun, asw.

Umeldunge fir dës Versammlungen ginn och um Fleegetelefon ugeholl. Soubal 12 Persounen ugemellt sinn, ginn d’Datumer a Plazen ugekënnegt.

Mir soen allen Donateuren, déi dat méiglech gemaach hunn, en häerzleche Merci.

All d'Projeten entdecken

MOTOmed Beweegungstherapie zu Konsdref

Beweegung ass e Grondbedierfnes vum Mënsch. All Beweegung, a besonnesch sportlechen Training, stäerken net nëmmen de Kierper, mee och d’Psyche. Mee leider kann…

Spenden

Seit 1872 folgt die Zitha auf Basis christlicher Werte den Idealen Hilfsbereitschaft, Mitgefühl und Menschlichkeit, um in Luxemburg und Malawi ihren Dienst am Menschen zu erfüllen. Helfen auch Sie.

Jede Hilfe zählt

Wir hören einander offen, ehrlich interessiert und einfühlsam zu. Dazu gehört eine Haltung der Freundlichkeit, der Aufrichtigkeit und des respektvollen Umgangs miteinander.

Spenden

Zanter 1872 verfollegt d‘Zitha op der Basis vu chrëschtleche Wäerter d’Idealer Hëllefsbereetschaft, Matgefill a Mënschlechkeet, fir zu Lëtzebuerg an am Malawi hiren Déngscht um Mënsch ze erfëllen. Hëlleft och Dir.

All Hëllef zielt

Mir lauschteren eis mat Oppenheet, éierlechem Interessi an Afillungsverméigen no. Dozou gehéiert eng Haltung vu Frëndlechkeet, Opriichtegkeet a vum respektvollen Ëmgang mateneen.