
Multifunktionell Jacketten fir d’Team vun ZithaMobil
D’Fondation Ste Zithe huet Done kritt ënner der Konditioun, datt si benotzt ginn, fir d’Aarbecht vun de Mataarbechter vun ZithaMobil z’ënnerstëtzen. D’Mataarbechter vun ZithaMobil mussen dacks hir Aarbechtsëmfeld wiesselen: dobaussen – Firmenauto – Heem vum Patient.
Obwuel si mat Aarbechtskleedung (Jackett, Boxen, Fleece, Softshell-Jackett) ausgestatt sinn, hunn si de Wonsch no spezielle Jackette geäussert. Dës sollte liicht, meewaarm, ootmungsaktiv a virun allem bequeem a flexibel sinn. D’Fondation Ste Zithe huet dëser Ufro gären noginn a mat dëse Jacketten all 150 Mataarbechter equipéiert. Am Endeffekt profitéieren och d’Patiente vun der Zefriddenheet vum Fleegepersonal.








