Gesond a gutt gefleegten Hänn a Fangerneel si wichteg fir d‘Wuelbefannen. Eng sanft Manikür ass e wëllkommene Pleséier fir Männer a Fraen. Am Alter, wuesse Neel an d‘ Hoer méi lues an ännere Faarf a Form. Eng Manikür verhënnert méiglech Problemer.
Mam Projet “Coin Manicure” si mir frou, den Awunner vun der Seniorie St Jean de la Croix d’Freed eng Manikür am Haus ubidden ze kënnen.
Am Numm vun den Bewunner soe mir all Spender MERCI, déi dëse Projet méiglech gemaach hunn.