Coifferssalon Seniorie Saint Jean de la Croix Luxembourg

Share on facebook
Share on pinterest
Share on twitter

« Der Friseur gibt dem Ich neuen Schwung »

« Der Friseur gibt dem Ich neuen Schwung » Dat war virun e puer Joer d’Motto vun der däitscher Coiffers-Federatioun. Fir vill Leit, a besonnesch dacks fir Fraen, ass de Coiffer wichteg fir d’Wuelbefannen an d’Zefriddenheet. E Besuch beim Coiffer ass eng Paus am Alldag, e Rendez-vous, op deen ee sech freet. Fir d’Residentë vun enger Seniorie ass et awer dacks net méi méiglech oder awer ganz beschwéierlech, fir bei de Coiffer ze goen. Dat improviséiert Coifféiere iwwert dem Lavabo am Buedzëmmer oder souguer um Stull virum Bett ass net dat Selwecht. Dofir huet d’Fondation Ste Zithe direkt hir Ënnerstëtzung zougeséchert, wou d’Seniorie Saint Jean de la Croix 2019 virgeschloen huet, e professionelle Coifferssalon an de Raimlechkeete vun der Seniorie anzeriichten. De Projet gouf mat 42.219.61 € aus Spenden ënnerstëtzt, déi fir d’Seniorie Saint Jean de la Croix un d’Fondation Ste Zithe gemaach goufen. An der Noperschaft gouf e Salon fonnt, deen zu festen Zäiten elo an der Seniorie alles ubitt, wat de Residentë gutt deet, a wat se sech fir hir Hoer wënschen.

Mir soen allen Donateuren, déi dat méiglech gemaach hunn, en häerzleche Merci.

All d'Projeten entdecken

Coifferssalon Seniorie Saint Jean de la Croix Luxembourg

« Der Friseur gibt dem Ich neuen Schwung » Dat war virun e puer Joer d’Motto vun der däitscher Coiffers-Federatioun. Fir vill Leit, a besonnesch dacks fir Fraen, ass de Coiffer wichteg fir d’Wuelbefannen an d’Zefriddenheet.

Kee Liewen ouni Waasser

Ronn 21 Millioune Mënsche liewen am Malawi – schätzungsweis e puer Milliounen dovun hu keen Zougang zu propperem Drénkwaasser. Duerch eng schlecht Ofwaasserversuergung…

E séchere Fräiraum fir Demenzpatienten

Demenzpatienten sinn dacks kierperlech fit oder nëmme wéineg ageschränkt. Vill vun hinnen hunn de Besoin, sech fräi ze beweegen, an der frëscher Loft spadséieren ze goen oder e Raum ze betrieden an ze verloossen, wann et hinnen dono ass.