Snoezeln ass de Numm fir an engem gemittleche Raum ze sin an deem verschidde berouegend an agreabel sensoresch Perceptiounen gebuede ginn. Stimuléiernd oder berouegend Doften, roueg Kläng oder Melodien, mëll Texturen, Spill vu Liicht a visuell Effekter gi benotzt fir de Besicher mat all senge Sënner unzeschwätzen.
Snoezeling huet e berouegened, relaxen Effekt a stimuléiert d’Selbstbewosstsinn. Et ass eng therapeutesch Offer, déi d’Wuelbefannen erhéicht a souwuel physiologesch wéi psychologesch Problemer léisen oder positiv beaflosse kann.
Mir si frou, e Snoezelraum fir d’Awunner vun der Seniorie St Jean de la Croix ariichten zu kënnen.
Am Numm vun den Bewunner soe mir all Spender MERCI, déi dëse Projet méiglech gemaach hunn.