Fondation Ste Zithe

Moyo Ngwathu

Moyo Ngwathu, wat iwwersat “eist Liewen” heescht, ass eng am Malawi registréiert Asbl (ONG).

Moyo Ngwathu, wat iwwersat “eist Liewen” heescht, ass eng am Malawi registréiert Asbl (ONG) déi enk mat der “Fondation Ste Zithe”, “Eng oppen Hand fir Malawi” an “Zikomo – Hilfe für Malawi” zesumme schafft.

Eis Missioun ass et, der ländlecher Bevëlkerung am Malawi ze hëllefen. Mir hunn eng partizipativ Approche fir nohalteg, sozial Offeren z’entwéckelen an domat zu sënnvolle Verännerungen am Liewe vun de Leit bäizedroen an hir Liewensbedingungen ze verbesseren.

Iwwer eis

Moyo Ngwathu ass zënter dem Summer 2023 aktiv an huet schonn eng Rei Projeten ëmgesat. All Projeten, déi Moyo Ngwathu mécht, erfuerderen d’Participatioun vun de Leit, sou datt d’lokal Gemeinschaft am Enn Besëtzer vum Projet gëtt, an esou Nohaltegkeet garantéiert.

D’Büroe vum Moyo Ngwathu sinn zu Chitedze.

Eis Fërderschwéierpunkten

D’Vereenten Natiounen (UN) hu 17 nohalteg Entwécklungsziler (SGD) an hirer Agenda 2030 definéiert. Moyo Ngwathu huet sech virgeholl, fir Projeten ëmzesetzen déi op déi éischt 6 vun dësen Ziler baséieren:

Mir engagéieren eis fir d’Beräicher Waasserversuergung, Sanitär, Landwirtschaft, Geschlechtergläichheet (Stäerkung vun der Roll vun de Fraen), Ausbildung an humanitär Hëllef a Form vun Hongerhëllefsprojeten.

Eis Projeten

Fir d’Nohaltegkeet vum Gebrauch vun de Pëtzer ze garantéieren, gouf op all Site e Comité gegrënnt, deen am Ënnerhalt an an der Pfleeg vun de Pëtzer trainéiert gouf.

Déi 22 Pëtzer goufen am Aklang mat den National Water Regulatory Authority (NWRA) Ufuerderunge gebuert a sin elo registréiert.

500 Stéit goufen encouragèiert fir hir eegen Septic Zetär ze bauen. Dozou gouf all Stot mat engem Sack Zement an Maschendrot fir de Bau ënnerstëtzt. Als Deel vun der Gemeinschaftsparticipatioun muss all Stot säin eegene Sand a Steebrochsteng zur Verfügung stellen.

Dës Zetären wäerten d’Hygiène verbesseren an hëllefen d’Krankheeten ze bekämpfen, déi duerch d’Benotzung vu ongesonden Haisercher verursaacht gëtt.

D’Fruchtbarkeet vum Buedem gëtt verbessert duerch d’Benotzung vun mechanesche Pompelen. Zur selwechter Zäit goufen d’Baueren an der moderner Landwirtschaft, an de Beräicher vun der Bewässerung an der Düngerproduktioun geschoult. Si bilde Kooperativen fir Pedalpompelen ze benotzen.

Bis haut si 6 Kooperative an der Entwécklungsphase a waarden op d’Aschreiwung am Cooperative Register vum Handelsministère.

Mat der Ënnerstëtzung vu Pedal-Pompelen gouf d’Ofhängegkeet vum Reen an der Landwirtschaft reduzéiert an d’Rekolt verdräifacht.

Als Deel vum Reforestatiounsprogramm huet Moyo Ngwathu 5000 Beem an der M’bwatalika Regioun geplanzt a 5 Tonnen Vertiergras un d’Bauere verdeelt fir ze planzen.

33 Fraen aus den deelhuelende Communautéite ginn an de Beräicher Bitzen, Kachen a Bake souwéi Strécken a Brodeiren ausgebild.

Vun den 33 Fraen, déi déi verschidde Formatioune maachen, hunn der 30 sech an der Schneiderei an am Bitzen spezialiséiert, wärend 3 Fraen Kachen a Baken geléiert hun.

TEVETA schafft fir d’Schoulinfrastruktur am Malawi ze verbesseren an den Zougang zu der Primärschoul ze erméiglechen.

Moyo Ngwathu erweidert de Moment d’Infrastruktur vun der Kanzinda Primärschoul andeems se Klassesäll, en Haus fir de Schoulmeeschter an e Verwaltungsgebai bauen.

3 Klassesäll an e Schoulmeeschteschhaus si gebaut a schonn a Betrib.

De Projet schafft nach un der Fäerdegstellung vun zwee weideren Haiser, engem Klassesallblock, engem Administratiounsblock mam Büro vum Direkter, engem Personalraum, enger Bibliothéik an enger oppener Hal.

Zënter dem Ufank vun eise Projete sinn d’Schülerzuelen an der Schoul erop gaang, an d’Schoul gouf vun enger klenger Junior-Primärschoul an enger vollwerteger Primärschoul reklasséiert.

D’Ënnerstëtzung riicht sech un eeler Leit, Leit mat kierperlecher Behënnerung a Stéit déi vun Weesekanner gefouert gin.

Eng zousätzlech 84 Leit an Nout goufen identifizéiert a solle wa méiglech dës Hëllef vum Februar 2024 bis Oktober 2024 kréien.

Fir se an Zukunft vun dëser Hëllef onofhängeg ze maachen, kréien d’Beneficiairen zousätzlech 10 kg Maissom fir unzeplanzen.

Am Ganze profitéieren 820 Leit vum Projet.

Unsere Projekte

Die Arbeit der Fondation Ste Zithe –
Werfen Sie einen Blick auf die bereits von uns realisierten Projekte und solche, die wir aktuell verwirklichen.

Luxemburg

Malawi/St. Gabriel’s Hospital

Kontaktdaten zur Organisation

Hëlleft eis, ze hëllefen.

D‘Fondation Ste Zithe fërdert laut hire Statuten Zitha-Wierker zu Lëtzebuerg an am Malawi. Hëlleft och Dir.

Spenden

Seit 1872 folgt die Zitha auf Basis christlicher Werte den Idealen Hilfsbereitschaft, Mitgefühl und Menschlichkeit, um in Luxemburg und Malawi ihren Dienst am Menschen zu erfüllen. Helfen auch Sie.

Jede Hilfe zählt

Wir hören einander offen, ehrlich interessiert und einfühlsam zu. Dazu gehört eine Haltung der Freundlichkeit, der Aufrichtigkeit und des respektvollen Umgangs miteinander.

Spenden

Zanter 1872 verfollegt d‘Zitha op der Basis vu chrëschtleche Wäerter d’Idealer Hëllefsbereetschaft, Matgefill a Mënschlechkeet, fir zu Lëtzebuerg an am Malawi hiren Déngscht um Mënsch ze erfëllen. Hëlleft och Dir.

All Hëllef zielt

Mir lauschteren eis mat Oppenheet, éierlechem Interessi an Afillungsverméigen no. Dozou gehéiert eng Haltung vu Frëndlechkeet, Opriichtegkeet a vum respektvollen Ëmgang mateneen.