Fondation Ste Zithe

Kee Liewen ouni Waasser

Ronn 21 Millioune Mënsche liewen am Malawi – schätzungsweis e puer Milliounen dovun hu keen Zougang zu propperem Drénkwaasser. Duerch eng schlecht Ofwaasserversuergung, veronrengegt Quellen a verknaschte Waasserstelle stierwen all Joer dausende vu Mënschen u Krankheeten, déi hätte verhënnert kënne ginn.

D’Waasserversuergung an déi sanitär Grondversuergung stellen deemno e besonnesche Schwéierpunkt an der Entwécklungshëllef vun der ONG Eng oppen Hand fir Malawiduer. De Fokus läit dobäi op de Wuerzele vun der Stëftung, dem St. Gabriel’s Hospital zu Namitete, dat an engem Regioun, an där ongeféier 250.000 Mënsche liewen, déi medezinesch Versuergung ofdeckt.

Tëschent 2004 an 2007 goufen 141.298,30 € an d’Sanéierung vum Waassersystem investéiert an ënner anerem 2 Buere gebaut, déi vun den Nopeschdierfer a vun de Famillje vun de Patiente genotzt ginn. Eng oppen Hand fir Malawi mat 108.400,- €en neie Kanalsystem fir d’Ofleedung vum Reewaasser gefërdert, fir Iwwerschwemmungen ze vermeiden. Tëscht 2008 an 2013 sinn och am Kader vun engem grouss ugeluechte Projet fir d’Verbesserung vun de Liewensbedéngunge vun den Duerfbewunner vun Chinyata (Regioun Walirani, Distrikt Namitete) insgesamt 288.501,- € an d’Beräicher Waasser, Landwirtschaft a Bildung gefloss. Mat dëser Zomm goufen ënner anerem 5 Bueren ugeluecht, 2 reparéiert, Latrinne gebaut a ronn 3000 Awunner vun den Dierfer an Hygiène a Notzung vu propperem Waasser forméiert. Am Ganzen hunn ongeféier 350 Famillje vun den neien Anlage profitéiert, déi och wärend der dréchener Zäit zouverlässeg Waasser liwweren.

Och an der rezenter Vergaangenheet huet Eng oppen Hand fir Malawi mat hiren Donen Entwécklungsprojete mam Schwéierpunkt Waasser ënnerstëtzt a wäert dat och an Zukunft maachen.

Mir soen allen Donateuren, déi dat méiglech gemaach hunn, en häerzleche Merci.

All d'Projeten entdecken

MOTOmed Beweegungstherapie zu Konsdref

Beweegung ass e Grondbedierfnes vum Mënsch. All Beweegung, a besonnesch sportlechen Training, stäerken net nëmmen de Kierper, mee och d’Psyche. Mee leider kann…

Spenden

Seit 1872 folgt die Zitha auf Basis christlicher Werte den Idealen Hilfsbereitschaft, Mitgefühl und Menschlichkeit, um in Luxemburg und Malawi ihren Dienst am Menschen zu erfüllen. Helfen auch Sie.

Jede Hilfe zählt

Wir hören einander offen, ehrlich interessiert und einfühlsam zu. Dazu gehört eine Haltung der Freundlichkeit, der Aufrichtigkeit und des respektvollen Umgangs miteinander.

Spenden

Zanter 1872 verfollegt d‘Zitha op der Basis vu chrëschtleche Wäerter d’Idealer Hëllefsbereetschaft, Matgefill a Mënschlechkeet, fir zu Lëtzebuerg an am Malawi hiren Déngscht um Mënsch ze erfëllen. Hëlleft och Dir.

All Hëllef zielt

Mir lauschteren eis mat Oppenheet, éierlechem Interessi an Afillungsverméigen no. Dozou gehéiert eng Haltung vu Frëndlechkeet, Opriichtegkeet a vum respektvollen Ëmgang mateneen.