Fondation Ste Zithe

E séchere Fräiraum fir Demenzpatienten

Demenzpatienten sinn dacks kierperlech fit oder nëmme wéineg ageschränkt. Vill vun hinnen hunn de Besoin, sech fräi ze beweegen, an der frëscher Loft spadséieren ze goen oder e Raum ze betrieden an ze verloossen, wann et hinnen dono ass. Fir dësem Besoin Rechnung ze droen a gläichzäiteg d’Sécherheet ze garantéieren, plangt d’Seniorie Saint Jean de la Croix Luxembourg momentan e groussen Openthaltsraum mat engem Gaart, deen dorun ugeschloss ass. Hei kënne sech d’Residentë fräi beweegen an entscheeden, ob si sech dobaussen oder dobannen ophale wëllen, wou se hir Moolzechten anhuele wëllen an ob si bei den ugebuedenen Aktivitéite matmaache wëllen.

D’Fondation Ste Zithe freet sech, sech mat engem Betrag vu 16.650.65 € un Donen, déi fir d’Seniorie Saint Jean de la Croix Luxembourg agaange sinn, ze bedeelegen, fir dëse Beräich gemittlech an uspriechend ze gestalten.

Mir soen allen Donateuren, déi dat méiglech gemaach hunn, en häerzleche Merci.

All d'Projeten entdecken

MOTOmed Beweegungstherapie zu Konsdref

Beweegung ass e Grondbedierfnes vum Mënsch. All Beweegung, a besonnesch sportlechen Training, stäerken net nëmmen de Kierper, mee och d’Psyche. Mee leider kann…

Spenden

Seit 1872 folgt die Zitha auf Basis christlicher Werte den Idealen Hilfsbereitschaft, Mitgefühl und Menschlichkeit, um in Luxemburg und Malawi ihren Dienst am Menschen zu erfüllen. Helfen auch Sie.

Jede Hilfe zählt

Wir hören einander offen, ehrlich interessiert und einfühlsam zu. Dazu gehört eine Haltung der Freundlichkeit, der Aufrichtigkeit und des respektvollen Umgangs miteinander.

Spenden

Zanter 1872 verfollegt d‘Zitha op der Basis vu chrëschtleche Wäerter d’Idealer Hëllefsbereetschaft, Matgefill a Mënschlechkeet, fir zu Lëtzebuerg an am Malawi hiren Déngscht um Mënsch ze erfëllen. Hëlleft och Dir.

All Hëllef zielt

Mir lauschteren eis mat Oppenheet, éierlechem Interessi an Afillungsverméigen no. Dozou gehéiert eng Haltung vu Frëndlechkeet, Opriichtegkeet a vum respektvollen Ëmgang mateneen.