ZithaAktiv
Fitness fir Kierper a Geescht
Kierperlech Aktivitéit am Alter huet e positiven Effekt op d’Leeschtungsfäegkeet vu Kierper a Geescht. Op der Basis vu wëssenschaftlechen Erkenntnisser hëlleft ZithaAktiv mat Berodungs- an Trainingsofferen, d’Gesondheet ze fërderen.
Iwwer eis
Am Centre de la mémoire et de la mobilité an der Stad steet ZithaAktiv fir eng eenzegaarteg Berodungs- an Trainingsoffer fir Senioren. Eng interdisziplinär Ekipp vun Dokteren, Psychologen, Fuerscher an Ergo- a Kinesitherapeute verbessert mat individuelle Programmer d’geeschteg an d’kierperlech Fitness.
Eis Leeschtungen
D’Leeschtungen an d’Offere vun ZithaAktiv baséieren op den neiste wëssenschaftlechen Erkenntisser a sinn ënnerdeelt an déi véier Beräicher Preventioun, Diagnostik, Berodung an Therapie. No enger ëmfaassender Berodung an diagnosteschen Tester gëtt esou en Trainingsprogramm entwéckelt, dee genee op d’Besoinen zougeschnidden ass. Ënnert der Betreiung vu medezineschem Fachpersonal wierkt den Trainingsprogramm net nëmme preventiv, mee ziilt duerch permanent Upassungen och op eng verbessert Liewensqualitéit am Alter of.
Ariichtungen
- St. Gabriel’s Hospital
- St. Theresa Nursery School
- Bethany Guest House
- St. Theresa Prayer House
- Our Lady Mount Carmel Nursery School
- St. Joseph Cottage
Communautéiten
- Our Lady Mount Carmel Community Namitete, Lilongwe Archdiocese
- St. Theresa of Jesus Community, Lilongwe Archdiocese
- St John of the Cross Community, Ganya, Dedza Diocese
- Anna Paula Bove Novitiate, Mlombozi, Zomba Diocese
- St Elizabeth of the Holy Trinity community, Kadikira, Blantyre Archdiocese
Kontakt
- Telefon
Hëlleft eis, ze hëllefen.
D‘Fondation Ste Zithe fërdert laut hire Statuten Zitha-Wierker zu Lëtzebuerg an am Malawi. Hëlleft och Dir.