Fondation Ste Zithe

Zikomo – Hilfe für Malawi

Well Bildung alles verännert

Malawi zielt zu de 5 % vun de weltwäit äermste Länner. De Mënschen am Malawi feelt et virun allem u genuch Liewensmëttel, propperem Drénkwaasser, medezinescher Grondversuergung a genuch Offeren am Bildungsberäich. Zikomo huet sech zur Aufgab gemaach, dës Problemer ze bekämpfen.

Iwwer eis

D’ZithaSchwësteren hunn Zikomo – Hilfe für Malawi am Joer 2007 gegrënnt. Zikomo ass eng unerkannt gemengnëtzeg Stëftung no däitschem Recht mat Sëtz zu Tréier. D’Aarbecht gëtt ausschliisslech iwwer Spende finanzéiert.

Eis Fërderschwéierpunkten

Zikomo – Hilfe für Malawi huet sech besonnesch als Zil gesat d’Bildung am ländleche Beräich am Malawi ze fërderen. Duerch Subside gëtt et Kanner esou erméiglecht, méi héich Schoulen ze besichen, eng Beruffsausbildung ze maachen oder ze studéieren. Ausserdeem ënnerstëtzt d’Stëftung och Schoulen a Crèchë beim Uschafe vun noutwennegen Ariichtungsgéigestänn. Mam Bau vu Buere wëll d’Stëftung e Bäitrag leeschten, fir d’Gesondheet an der Regioun ze verbesseren. Ausserdeem bedeelegt si sech och u Projete fir d’Bekämpfung vum Honger. D’Stëftung finanzéiert des Weideren och de Kaf vu Medikamenter fir d’Behandlung vu Leit, déi sech keng Medezin leeschte kënnen.

Eis Projeten

Kuckt Iech hei d’Projeten un, déi mir scho realiséiert hunn, an déi, déi mir aktuell ëmsetze

Ariichtungen

Communautéiten

Kontakt

Annette Peters

info@zikomo.eu

Hëlleft eis, ze hëllefen.

Wir freuen uns sehr, dass Sie die Stiftung “ZIKOMO – Hilfe für Malawi” unterstützen möchten!

Spenden

Seit 1872 folgt die Zitha auf Basis christlicher Werte den Idealen Hilfsbereitschaft, Mitgefühl und Menschlichkeit, um in Luxemburg und Malawi ihren Dienst am Menschen zu erfüllen. Helfen auch Sie.

Jede Hilfe zählt

Wir hören einander offen, ehrlich interessiert und einfühlsam zu. Dazu gehört eine Haltung der Freundlichkeit, der Aufrichtigkeit und des respektvollen Umgangs miteinander.

Spenden

Zanter 1872 verfollegt d‘Zitha op der Basis vu chrëschtleche Wäerter d’Idealer Hëllefsbereetschaft, Matgefill a Mënschlechkeet, fir zu Lëtzebuerg an am Malawi hiren Déngscht um Mënsch ze erfëllen. Hëlleft och Dir.

All Hëllef zielt

Mir lauschteren eis mat Oppenheet, éierlechem Interessi an Afillungsverméigen no. Dozou gehéiert eng Haltung vu Frëndlechkeet, Opriichtegkeet a vum respektvollen Ëmgang mateneen.