Kongregatioun vun den Tertiar-Karmelitinnen
Wéi alles ugefaangen huet:
1872 – Et fänkt u mam ZithaVeräin
D‘Anna Bové an d‘Luzia Margareta Niederprum hunn am spéiden 19. Joerhonnert, am Zäitalter vun der Industrialiséierung a vun engem déifgräifende gesellschaftleche Wandel, zu Lëtzebuerg gelieft. Mat Suerg hunn si d’Situatioun vu ville jonke Frae beobacht, déi hir Famillje verlooss hunn, fir an der Stad als Déngschtmeedchen ze schaffen. Do ware si hire Patronsfamillje schutzlos ausgeliwwert an net versuergt, wa si hir Aarbecht verluer hunn, krank oder al gi sinn.
Fir dat ze änneren, hunn d‘Anna Bové an d‘Luzia Margareta Niederprum den 28. März 1872 mat der Ënnerstëtzung vum Professer Nicolas Wies, engem sozial engagéierte Paschtouer a Schoulmeeschter, de Veräin vun der Helleger Zitha fir chrëschtlech Déngschtmeedercher gegrënnt. Den ZithaVeräin war eng Ulafstell fir Déngschtmeedercher an eng Plaz, wou si gefleegt goufen, wa si krank waren. Gläichzäiteg huet den ZithaVeräin d’Interessie vun den Déngschtmeedercher vis-à-vis vun hiren Employeure vertrueden, huet se als Haushälterinnen ausgebilt an hinnen Aarbechtsplaze verschaaft.
1875 bis 1886 – Den Uerde vun den ZithaSchwësteren
„Schafft, paakt eng Hand un! Ergräift d’Aarbecht, do wou se sech ubitt!“
(Nicolas Wies)Mat der Welt verännere sech och d’Besoinen an d’Leed vun de Leit, an domat och d’Aarbecht vun den ZithaSchwësteren. D’Suerg ëm déi jonk Frae war den Ulooss, fir hinnen Zouflucht, Fleeg an eng Plaz am Alter, genee ewéi eng Ausbildung unzebidden. Do koum den Éischte Weltkrich an huet d’Klouschter fir d’Leit a senger Noperschaft zum Ulafpunkt bei medezinesche Problemer gemaach. D’ZithaSchwësteren hunn doropshin eng Klinick gegrënnt – de Grondstee fir déi spéider ZithaKlinick.
D’Aarbecht passt sech der Nout un
Dat wat d’Grënnerinne beweegt huet – d’Suerg ëm jonk Fraen – beweegt den Uerden nach haut. De Fokus louch dobäi awer schonn ëmmer op der Nout aus der jeeweileger Zäit. Sou hu sech aus der Ausbildung vun Déngschtmeedercher Hauswirtschaftsschoulen am ganze Land entwéckelt. Well vill jonk Mammen hu missen schaffen an eng sécher Plaz fir hir Kanner gesicht hunn, hunn d’ZithaSchwësteren elo och Crèchen ugebueden. De Besoin un Infirmièren an der ZithaKlinik huet zum Opbau vun enger Infirmièresschoul gefouert, d’Suerg ëm Gaaschtaarbechter aus frieme Länner zu der Ariichtung vu Wunnengen an d’Nout vun onbestuete jonke Mammen zu der zu der Grënnung vum Foyer Paula Bové. An d’Suerg ëm Schwësteren an Dammen am Alter huet schliisslech zu der Grënnung vun Alters- a Fleegeheemer gefouert.1958 – Missiounsaarbecht am Malawi
Eis Geschicht a Biller
1218 bis 1278
Déi Helleg Zita
1872
Nicolas Wies –
28. Mäerz 1872 Grënnung vum „Zita-Verein für christliche Dienstmädchen“
1872
Anna Bové aus der Millebaach – Grënnerin
1872
Luzia Margareta Niederprum – Grënnerin
21. Abrëll 1959
Opbroch zu der éischter Rees an de Malawi
1889
Mutterhaus der Kongregation
D'Kongregatioun – Wat bréngt d'Zukunft?
Momentan besteet d’Kongregatioun aus 63 Uerdensschwësteren (30 Afrikanerinnen an 33 Europäerinnen). Zanter 2017 ass d’Schwëster Dr. Myriam Ney d’Generaloberin vum Uerden. Hire Generalrot besteet aus dräi Schwësteren aus dem lëtzebuergeschen Deel vun der Kongregatioun an zwou afrikanesche Schwësteren.
Wärend am Malawi d’Kongregatioun eng Geschicht vum Wuesstem erzielt, lieft zu Lëtzebuerg d’Hallschent vun den ZithaSchwësteren am Fleegeheem. An Zukunft wäerten nëmmen nach d’Wierker vun der Zitha vun de Schwësteren erzielen. Bis dohi wäerten d’Schwësteren awer alles dofir maachen, datt d’ZithaWierker am Sënn vun hire Stëfter weiderbestoe wäerten.
Uspriechpartner
- Phone
Ëmmer mueres:
Eva Holz
+352 40 144-31 05
Hëlleft eis, ze hëllefen.
D‘Fondation Ste Zithe fërdert laut hire Statuten Zitha-Wierker zu Lëtzebuerg an am Malawi. Hëlleft och Dir.