Fondation Ste Zithe

Dateschutzerklärung

1. Den Dateschutz am Iwwerbléck

Allgemeng Hiweiser

Déi follgend Hiweiser ginn en einfachen Iwwerbléck doriwwer, wat mat Äre perséinlechen Donnéeë geschitt, wann Dir dësen Internetsite besicht. Perséinlech Donnéeë sinn all Donnéeën, mat deenen Dir perséinlech identifizéiert kënnt ginn. Ausféierlech Informatiounen zum Theema Dateschutz fannt Dir an eiser Dateschutzerklärung ënnert dësem Text.

Erfaassung vun Donnéeën op dësem Internetsite

Wien ass fir d’Erfaassung vun Donnéeën op dësem Internetsite verantwortlech?

D’Veraarbechtung vun den Donnéeën op dësem Internetsite gëtt vum Bedreiwer vum Internetsite virgeholl. Dir fannt seng Kontaktdonnéeën am Abschnitt „Informatiounen iwwer de Verantwortlechen“ an dëser Dateschutzerklärung.

Wéi erfaasse mir Är Donnéeën?

Är Donnéeë ginn zum Deel doduerch erfaasst, datt Dir eis se matdeelt. Heibäi kann et sech ëm Donnéeën handelen, déi Dir z. B. an e Kontaktformulaire agitt.

Aner Donnéeë ginn duerch eis IT-Systemer automatesch oder no Ärer Awëllegung erfaasst, wann Dir eisen Internetsite besicht. Dat si virun allem technesch Donnéeën (z. B. Internetbrowser, Betribssystem oder Auerzäit, wou Dir d’Säit opgeruff hutt). D’Erfaassung vun dësen Donnéeën erfollegt automatesch, soubal Dir den Internetsite betriet.

Fir wéi en Zweck benotze mir Är Donnéeën?

En Deel vun den Donnéeë gëtt erhuewen, fir ze garantéieren, datt den Internetsite feelerfräi zur Verfügung steet. Aner Donnéeë kënne fir d’Analys vun Ärem Benotzerverhale benotzt ginn.

Wéi eng Rechter hutt Dir a Bezuch op Är Donnéeën?

Dir hutt zu all Moment d’Recht, ouni Fraisen Informatiounen iwwer d’Hierkonft, den Empfänger an den Zweck vun Äre perséinleche gespäicherten Donnéeën ze kréien. Dir hutt ausserdeem d’Recht, ze verlaangen, datt dës Donnéeë korrigéiert oder geläscht ginn. Wann Dir eng Awëllegung fir d’Verschaffe vun den Donnéeë ginn hutt, da kënnt Dir dës Awëllegung zu all Moment fir d’Zukunft widderruffen. Ausserdeem hutt Dir d’Recht, ënner bestëmmten Ëmstänn d’Aschränkung vun der Beaarbechtung vun Äre perséinlechen Donnéeën  ze verlaangen. Des Weideren hutt Dir d’Recht, eng Reklamatioun bei der zoustänneger Opsiichtsautoritéit anzereechen.

Dir kënnt Iech zu dësem Theema, genee ewéi fir aner Froen a Bezuch op den Dateschutz, zu all Moment un eis wenden.

Analys-Tools an Tools vun externe Fournisseuren

Wann Dir dësen Internetsite besicht, kann Äert Surf-Verhale statistesch ausgewäert ginn. Dat geschitt virun allem mat sougenannten Analysprogrammer.

Detailléiert Informatiounen iwwer dës Analysprogrammer fannt Dir an der follgender Dateschutzerklärung.

2. Hosting

Externen Hosting

Dësen Internetsite gëtt bei engem externe Fournisseur (Hoster) gehost. Déi perséinlech Donnéeën, déi op dësem Internetsite erfaasst ginn, ginn op de Servere vum Hoster gespäichert. Heibäi kann et sech v. a. ëm IP-Adressen, Kontaktufroen, Meta- a Kommunikatiounsdonnéeën, Vertragsdonnéeën, Kontaktdonnéeën, Nimm, Websitezougrëffer an aner Donnéeën, déi iwwer en Internetsite generéiert ginn, handelen.

Den Asaz vum Hoster erfollegt, fir datt mir eise Vertrag géintiwwer eise potenziellen an aktuelle Clienten erfëlle kënnen (Art. 6 Abs. 1 Punkt b DSGVO) an am Interêt vun enger sécherer, séierer an effikasser Bereetstellung vun eiser Online-Offer duerch e professionelle Fournisseur (Art. 6 Abs. 1 Punkt f DSGVO).

Eisen Hoster verschafft Är Donnéeën nëmmen an deem Mooss, wéi et fir d’Erfëlle vu senge Leeschtungsflichten néideg ass a befollegt eis Instruktiounen a Bezuch op dës Donnéeën.

Mir setzen de follgenden Hoster an:

RAIDBOXES GmbH
Hafenstraße 32

DE – 48153 Münster

Sous-traitance

Mir hu mat dem uewe genannte Fournisseur e Sous-traitance-Vertrag ofgeschloss. Heibäi handelt et sech ëm en dateschutzrechtlech virgeschriwwene Vertrag, dee garantéiert, datt de Fournisseur déi perséinlech Donnéeë vun de Visiteure vun eisem Internetsite nëmmen am Aklang mat eisen Instruktiounen an am Respekt vum RGPD verschafft.

3. Allgemeng Hiweiser an obligatoresch Informatiounen

Dateschutz

D’Bedreiwer vun dëse Säiten huelen de Schutz vun Äre perséinlechen Donnéeë ganz eescht. Mir behandelen Är perséinlech Donnéeë vertraulech an am Respekt vun de gesetzlechen Dateschutzvirschrëften an vun dëser Dateschutzerklärung.

Wann Dir dësen Internetsite benotzt, gi verschidde perséinlech Donnéeën erhuewen. Perséinlech Donnéeë sinn Donnéeën, mat deenen Dir perséinlech identifizéiert kënnt ginn. Dës Dateschutzerklärung erkläert, wéi eng Donnéeë mir erhiewen a woufir mir se benotzen. Si erkläert och, wéi an zu wéi engem Zweck dat geschitt.

Mir weisen drop hin, datt beim Iwwerdroe vun Donnéeën am Internet (z. B. bei der Kommunikatioun per E-Mail) Sécherheetslacunnen optriede kënnen. En 100%ege Schutz vun den Donnéeë virum Zougrëff vun Drëttpersounen ass net méiglech.

Hiweis a Bezuch op de Verantwortlechen

De Verantwortleche fir d’Verschaffe vun den Donnéeën op dësem Internetsite ass déi follgend Persoun:

Fondation Ste Zithe
32, rue Ste Zithe
L-2763 Luxembourg

Telefon: 00352 40144-3000
E-Mail: fondation@zitha.lu

De Verantwortlichen ass déi natierlech oder juristesch Persoun, déi eleng oder zesumme mat aneren iwwer d’Zwecker an d’Mëttel vun der Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën (z. B. Nimm, E-Mail-Adressen o. Ä.) entscheet.

Späicherdauer

Souwäit an dëser Dateschutzerklärung keng speziell Späicherdauer genannt gëtt, bleiwen Är perséinlech Donnéeë bei eis, bis den Zweck vun der Beaarbechtung ewechfält. Wann Dir berechtegterweis ufrot, datt d’Donnéeë geläscht ginn oder eng Awëllegung fir d’Verschaffe vun den Donnéeë widderrufft, da ginn Är Donnéeë geläscht, wann eis keng aner rechtlech zoulässeg Grënn fir d’Späichere vun Äre perséinlechen Donnéeë virleien (z. B. steier- oder handelsrechtlech Friste fir d’Versuerge vun den Donnéeën); am leschtgenannte Fall ginn d’Donnéeë geläscht, soubal dës Grënn ewechfalen.

Hiweis iwwer d’Weiderleede vun Donnéeën an d’USA an an aner Drëttstaaten

Mir setzen ënner anerem Tools vun Entreprisë mat Sëtz an den USA oder aneren dateschutzrechtlech net sécheren Drëttstaaten an. Wann dës Tools aktiv sinn, kënnen Är perséinlech Donnéeën an dës Drëttstaaten iwwerdroen an do verschafft ginn. Mir weisen drop hin, datt an dëse Länner keen Dateschutzniveau garantéiert ka ginn, dee mat deem aus der EU vergläichbar ass. Beispillsweis sinn US-Entreprisë verflicht, perséinlech Donnéeën u Sécherheetsautoritéiten erauszeginn, ouni datt Dir als Betraffene geriichtlech dogéint virgoe kéint. Et kann deemno net ausgeschloss ginn, datt US-Autoritéiten (z. B. Geheimdéngschter) Är Donnéeën, déi op US-Servere gespäichert sinn, zu Iwwerwaachungszwecker verschaffen, auswäerten an dauerhaft späicheren. Mir hu keen Afloss op dës Beaarbechtungstätegkeeten.

Widderruff vun Ärer Awëllegung fir d’Verschaffe vun Ären Donnéeën

Vill Virgäng fir d’Verschaffe vun Ären Donnéeë sinn nëmme mat Ärer ausdrécklecher Awëllegung méiglech. Dir kënnt eng Awëllegung, déi Dir erdeelt hutt, zu all Moment widderruffen. D’Rechtméissegkeet vun der Datebeaarbechtung bis zum Widderruff bleift vum Widderruff onberéiert.

Widdersprochsrecht géint d’Erhiewung vun Donnéeën a besonnesche Fäll a géint Direktpublicitéit (Art. 21 DSGVO)

WANN D’DATEVERAARBECHTUNG OP DER BASIS VUN ART. 6 ABS. 1 PUNKT E ODER F DSGVO ERFOLLEGT, HUTT DIR JIDDERZÄIT D’RECHT, AUS GRËNN, DÉI SECH AUS ÄRER BESONNESCHER SITUATIOUN ERGINN, GÉINT D’VERSCHAFFE VUN ÄRE PERSÉINLECHEN DONNÉEË WIDDERSPROCH ANZELEEËN; DËS GËLLT OCH FIR E PROFILING, DEEN OP DËSE BESTËMMUNGE BASÉIERT. DÉI JEEWEILEG RECHTSGRONDLAG, OP DÄRER ENG BEAARBECHTUNG BEROUT, FANNT DIR AN DËSER DATESCHUTZERKLÄRUNG. WANN DIR WIDDERSPROCH ALEET, VERSCHAFFE MIR ÄR BETRAFFE PERSÉINLECH DONNÉEËN NET MÉI, ET SIEF DANN, MIR KËNNEN ZWÉNGEND SCHUTZWIERDEG GRËNN FIR D’VERSCHAFFEN NOWEISEN, DÉI ÄR INTERETEN, RECHTER A FRÄIHEETEN IWWERWEIEN ODER D’VERSCHAFEN DÉNGT DOZOU, RECHTER VIRU GERIICHT GELTEND ZE MAACHEN, AUSZEÜBEN ODER ZE VERDEEDEGEN (WIDDERSPROCH NO ART. 21 ABS. 1 DSGVO).

WANN ÄR PERSÉINLECH DONNÉEË VERSCHAFFT GINN, FIR DIREKTPUBLICITÉIT ZE BEDREIWEN, DANN HUTT DIR D’RECHT, ZU ALL MOMENT WIDDERSPROCH GÉINT D’BEAARBECHTUNG VU PERSÉINLECHEN DONNÉEËN, DÉI IECH BETREFFEN, FIR DEN ZWECK VUN DËSER ZORT PUBLICITÉIT ANZELEEËN; DËST GËLLT OCH FIR DE PROFILING, SOUWÄIT E MAT DËSER DIREKTPUBLICITÉIT A VERBINDUNG STEET. WANN DIR WIDDERSPRIECHT, GINN ÄR PERSÉINLECH DONNÉEËN DONO NET MÉI FIR DEN ZWECK VUN DER DIREKTPUBLICITÉIT BENOTZT (WIDDERSPROCH NO ART. 21 ABS. 2 DSGVO).

Recht op Reklamatioun bei der zoustänneger Opsiichtsautoritéit

Bei Verstéiss géint den d’DSGVO (RGPD) hunn déi Betraffen e Recht op Reklamatioun bei enger Opsiichtsautoritéit, besonnesch am Memberstaat vun hirem gewéinlechen Openthalt, hirer Aarbechtsplaz oder der Plaz vum presuméierte Verstouss. D’Recht op Reklamatioun huet keen Afloss op anerwäiteg verwaltungsrechtlech oder geriichtlech Recoursen.

Recht op Iwwerdrobarkeet vun den Donnéeën

Dir hutt d’Recht, Donnéeën, déi mir op der Grondlag vun Ärer Awëllegung oder am Hibléck op d’Erfëllung vun engem Vertrag automatiséiert verschaffen, un Iech selwer oder un en Drëtten an engem gängege maschinell liesbare Format aushännegen ze loossen. Wann Dir verlaangt, datt d’Donnéeën direkt un en anere Verantwortleche sollen iwwerdroe ginn, erfollegt dat nëmmen, wann et technesch machbar ass.

SSL- resp. TLS-Verschlësselung

Dëse Site benotzt aus Sécherheetsgrënn a fir de Schutz beim Iwwerdroe vu vertraulechen Inhalter, wéi zum Beispill Bestellungen oder Ufroen, déi Dir un eis als Bedreiwer vum Site schéckt, eng SSL- resp. TLS-Verschlësselung. Eng verschlësselt Verbindung erkennt Dir dorun, datt d’Adresszeil vum Browser vun „http://“ op „https://“ wiesselt an um Schlass-Symbol an Ärer Browserzeil.

Wann d’SSL- resp. TLS-Verschlësselung aktivéiert ass, kënnen d’Donnéeën, déi Dir un eis iwwermëttelt, net vun Drëttpersoune matgelies ginn.

Renseignementer, Läschung a Verbesserung

Dir hutt am Kader vun de aktuelle gesetzleche Bestëmmungen zu all Moment d’Recht, ouni Käschte Renseignementer ze kréien iwwer Är gespäichert perséinlech Donnéeën, hir Hierkonft an hir Empfänger an den Zweck vun hirer Beaarbechtung genee ewéi e Recht op Verbesserung oder d’Läsche vun dësen Donnéeën. Dir kënnt Iech zu dësem Theema oder wann Dir nach aner Froen iwwer perséinlech Donnéeën hutt, zu all Moment un eis wenden.

Recht op Aschränkung vun der Beaarbechtung

Dir hutt d’Recht, d’Aschränkung vun der Beaarbechtung vun Äre perséinlechen Donnéeën ze verlaangen. Dir kënnt Iech heifir zu all Moment un eis wenden. D’Recht op Aschränkung vun der Beaarbechtung besteet a follgende Fäll:

  • Wann Dir bestreit, datt déi perséinlech Donnéeën, déi bei eis gespäichert sinn, richteg sinn, brauche mir an der Reegel Zäit, fir dat ze iwwerpréiwen. Wärend der Dauer vun der Iwwerpréiwung hutt Dir d’Recht, d’Aschränkung vun der Beaarbechtung vun Äre perséinlechen Donnéeën ze verlaangen.
  • Wann d’Beaarbechte vun Äre perséinlechen Donnéeën onrechtméisseg geschitt/geschitt ass, kënnt Dir aplaz vum Läschen d’Aschränkung vun der Beaarbechtung vun den Donnéeë verlaangen.
  • Wa mir Är perséinlech Donnéeën net méi brauchen, Dir se awer nach braucht fir Rechter geriichtlech auszeüben, ze verdeedegen oder geltend ze maachen, hutt Dir d’Recht, aplaz vum Läschen d’Aschränkung vun der Beaarbechtung vun Äre perséinlechen Donnéeën ze verlaangen.
  • Wann Dir e Widdersproch no Art. 21 Abs. 1 DSGVO ageluecht hutt, muss tëschent Ären an eisen Interêten ofgewie ginn. Soulaang nach net feststeet, wiem seng Interêten iwwerweien, hutt Dir d’Recht, d’Aschränkung vun der Beaarbechtung vun Äre perséinlechen Donnéeën ze verlaangen.

Wann Dir den Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeën ageschränkt hutt, dann dierfen dës Donnéeën – ofgesi vun hirer Späicherung – nëmme mat Ärer Awëllegung oder fir Rechter geriichtlech geltend ze maachen, auszeüben oder ze verdeedegen, oder fir Rechter vun enger anerer natierlecher oder juristescher Persoun ze schützen, oder aus Grënn, déi mat engem wichtegen ëffentlechen Interêt vun der Europäescher Unioun oder vun engem Memberstaat zesummenhänken, verschafft ginn.

4. Erfaassung vun Donnéeën op dësem Internetsite

Cookien

Eis Internetsäite benotze sougenannt „Cookien“. Cookië si kleng Textfichieren, déi kee Schued op Ärem Endgerät verursaachen. Si ginn entweder zäitweileg fir d’Dauer vun enger Sessioun (Session-Cookien) oder dauerhaft (permanent Cookien) op Ärem Endgerät gespäichert. Session-Cookië ginn um Enn vun Ärem Besuch automatesch geläscht. Permanent Cookië bleiwen op Ärem Endgerät gespäichert, bis Dir déi selwer läscht oder bis Äre Webbrowser se automatesch läscht.

Deelweis kënnen och Cookië vun Drëttentreprisen op Ärem Endgerät gespäichert ginn, wann Dir op eis Säit kommt (Third-Party-Cookies). Si erméiglechen eis oder Iech, verschidden Déngschtleeschtunge vun der Drëttentreprise ne notzen (z. B. Cookië fir d’Ofwécklung vu Bezuelungsdéngschtleeschtungen).

Cookien hu verschidde Funktiounen. Vill Cookië sinn technesch néideg, well eenzel Websitefunktiounen ouni si net funktionéiere géifen (z. B. d’Funktioun vum Akafskuerf oder d’Uweise vu Videoen). Aner Cookien déngen dozou, d’Verhale vun de Benotzer auszewäerten oder Publicitéit unzeweisen.

Cookien, déi fir den elektronesche Kommunikatiounsvirgang (noutwenneg Cookien) oder fir d’Bereetstelle vun bestëmmten, vun Iech gewënschte Funktiounen (funktional Cookien, z. B. fir d’Funktioun vum Akafskuerf) oder fir d’Optimiséierung vum Internetsite (z. B. Cookië fir d’Miesse vun der Audience) néideg sinn, ginn op der Basis vun Art. 6 Abs. 1 Punkt f DSGVO gespäichert, souwäit keng aner rechtlech Grondlag ugi gëtt. De Bedreiwer vum Internetsite huet e berechtegten Interêt um Späichere vu Cookien, fir seng Déngschter technesch feelerfräi an optiméiert bereetstellen ze kënnen. Am Fall wou eng Awëllegung fir d’Späichere vu Cookië gefrot gouf, erfollegt d’Späichere vun den entspriechende Cookien ausschliesslech op der Basis vun dëser Awëllegung (Art. 6 Abs. 1 Punkt a DSGVO); d’Awëllegung kann zu all Moment widderruff ginn.

Dir kënnt Äre Browser esou astellen, dat Dir informéiert gitt, wa Cookië gesat ginn, a Cookien dann nëmmen am Eenzefall erlaben, d’Akzeptatioun vu Cookië fir bestëmmt Fäll oder allgemeng ausschléissen an d’automatescht Läsche vu Cookië beim Zoumaache vum Browser aktivéieren. Wa Cookien desaktivéiert ginn, kann d’Funktionalitéit vun dësem Internetsite ageschränkt sinn.

Wa Cookië vun Drëttentreprisen oder fir Analyszwecker agesat ginn, informéiere mir Iech am Kader vun dëser Dateschutzerklärung separat heiriwwer a froen ënner Ëmstänn eng Awëllegung un.

Awëllegung mat Borlabs Cookie

Eisen Internetsite setzt d’Consent-Technologie vu Borlabs Cookie an, fir Är Awëllegung fir d’Späichere vu bestëmmte Cookien an Ärem Browser oder fir den Asaz vu bestëmmten Technologien unzefroen a se dateschutzkonform ze dokumentéieren. De Fournisseur vun dëser Technologie ass Borlabs – Benjamin A. Bornschein, Rübenkamp 32, 22305 Hamburg (am Follgende Borlabs genannt).

Wann Dir eisen Internetsite besicht, gëtt e Borlabs-Cookie an Ärem Browser ofgeluecht, an deem Är Awëllegungen oder de Widderruff vun dësen Awëllegunge gespäichert ginn. Dës Donnéeë ginn net un de Fournisseur vu Borlabs Cookie weidergeleet.

Déi erfaassten Donnéeë gi gespäichert, bis Dir eis opfuerdert, se ze läschen, resp. de Borlabs-Cookie selwer läscht oder bis den Zweck fir d’Späicherung vun den Donnéeën ewechfält. Zwéngend gesetzlech Friste fir d’Versuerge vun den Donnéeë bleiwen heivunner onberéiert. Detailer iwwer d’Verschaffe vun Donnéeë vu Borlabs Cookië fannt Dir ënner https://de.borlabs.io/kb/welche-daten-speichert-borlabs-cookie/.

Den Asaz vun der Borlabs-Cookie-Consent-Technologie erfollegt, fir déi gesetzlech virgeschriwwen Awëllegunge fir den Asaz vu Cookien unzefroen. Déi rechtlech Grondlag heivunner ass den Art. 6 Abs. 1 Punkt c DSGVO.

Server-Log-Fichieren

De Provider vun de Säiten erhieft a späichert automatesch Informatiounen a sougenannte Server-Log-Fichieren, déi Äre Browser automatesch un eis iwwermëttelt. Et sinn dat:

  • Typ a Versioun vum Browser
  • benotzt Betribssystem
  • Referrer-URL
  • Hostnumm vum Computer, deen zougräift
  • Auerzäit vun der Serverufro
  • IP-Adress

Dës Donnéeë ginn net mat anere Quelle vun Donnéeën zesummegefouert.

D’Erfaassung vun dësen Donnéeë baséiert op Art. 6 Abs. 1 Punkt f DSGVO. De Bedreiwer vum Internetsite huet e berechtegten Interêt un der technesch feelerfräier Duerstellung an der Optimiséierung vu sengem Internetsite – an heifir mussen d’Server-Log-Fichieren erfaasst ginn.

Kontaktformulaire

Wann Dir eis iwwer e Kontaktformulaire Ufroen zoukomme loosst, ginn Är Donnéeën aus dësem Kontaktformulaire inklusiv de Kontaktdonnéeën, déi Dir hei ugitt, fir den Traitement vun Ärer Ufro a fir de Fall vu weidere Froe bei eis gespäichert. Mir ginn dës Donnéeën net ouni Är Awëllegung weider.

D’Verschaffe vun dësen Donnéeë baséiert op Art. 6 Abs. 1 Punkt b DSGVO, souwäit Är Ufro mat der Erfëllung vun engem Vertrag zesummenhänkt, oder wann dat néideg ass, vir virvertraglech Moossnamen duerchzeféieren. An allen anere Fäll berout den Traitement op eisem berechtegten Interêt un der tatsächlecher Beaarbechtung vun den Ufroen, déi Dir un eis geriicht hutt (Art. 6 Abs. 1 Punkt f DSGVO) oder op Ärer Awëllegung (Art. 6 Abs. 1 Punkt a DSGVO) souwäit dës ugefrot gouf.

D’Donnéeën, déi Dir op eisem Kontaktformulaire agitt, bleiwe bei eis, bis Dir eis opfuerdert, se ze läschen, Är Awëllegung fir d’Späicherung widderrufft oder den Zweck fir d’Späicherung vun den Donnéeën ewechfält (z. B. nodeems d’Beaarbechtung vun Ärer Ufro ofgeschloss ass). Zwéngend gesetzlech Bestëmmungen – besonnesch Friste fir d’Versuerge vun den Donnéeën – bleiwen heivunner onberéiert.

Ufro per E-Mail, Telefon oder Telefax

Wann Dir eis per E-Mail, Telefon oder Telefax kontaktéiert, gëtt Är Ufro zesumme mat alle perséinlechen Donnéeën, déi doran enthale sinn (Numm, Ufro) fir den Zweck vun der Beaarbechtung vun Ärem Uleies bei eis gespäichert an traitéiert. Mir ginn dës Donnéeën net ouni Är Awëllegung weider.

D’Verschaffe vun dësen Donnéeë baséiert op Art. 6 Abs. 1 Punkt b DSGVO, souwäit Är Ufro mat der Erfëllung vun engem Vertrag zesummenhänkt, oder wann dat néideg ass, vir virvertraglech Moossnamen duerchzeféieren. An allen anere Fäll berout den Traitement op eisem berechtegten Interêt un der tatsächlecher Beaarbechtung vun den Ufroen, déi Dir un eis geriicht hutt (Art. 6 Abs. 1 Punkt f DSGVO) oder op Ärer Awëllegung (Art. 6 Abs. 1 Punkt a DSGVO) souwäit dës ugefrot gouf.

D’Donnéeën, déi Dir op eisem Kontaktformulaire agitt, bleiwe bei eis, bis Dir eis opfuerdert, se ze läschen, Är Awëllegung fir d’Späicherung widderrufft oder den Zweck fir d’Späicherung vun den Donnéeën ewechfält (z. B. nodeems d’Beaarbechtung vun Ärer Ufro ofgeschloss ass). Zwéngend gesetzlech Bestëmmungen – besonnesch Friste fir d’Versuerge vun den Donnéeën – bleiwen heivunner onberéiert.

5. Analys-Tools a Publicitéit

Google Tag Manager

Mir setzen den Google Tag Manager an. De Fournisseur ass Google Ireland Limited, Gordon House, Barrow Street, Dublin 4, Irland.

De Google Tag Manager ass en Tool, mat deem mir Tracking- oder Statistik-Tools an aner Technologien op eisem Internetsite abanne kënnen. De Google Tag Manager selwer erstellt keng Benotzerprofiller, späichert keng Cookien an féiert keng eegestänneg Analysen duerch. En déngt eleng dozou, d’Tools, déi iwwer hien agebonne goufen, ze geréieren an auszespillen. De Google Tag Manager erfaasst awer Är IP-Adress, déi och un d’Mammenhaus vu Google an den USA iwwerdroe ka ginn.

Den Asaz vum Google Tag Manager baséiert op Art. 6 Abs. 1 Punkt f DSGVO. De Bedreiwer vum Internetsite huet e berechtegten Interêt un enger séierer an onkomplizéierter Abannung a Gestioun vun verschiddenen Tools op sengem Internetsite. Souwäit eng entspriechend Awëllegung ugefrot gouf, baséiert den Traitement ausschliisslech op Art. 6 Abs. 1 Punkt a DSGVO; d’Awëllegung kann zu all Moment widderruff ginn.

Google Analytics

Dësen Internetsite benotzt Funktioune vum Webanalys-Déngscht Google Analytics. De Fournisseur ass Google Ireland Limited („Google“), Gordon House, Barrow Street, Dublin 4, Irland.

Google Analytics erméiglecht et dem Bedreiwer vum Internetsite, d’Verhale vun de Visiteure vum Site ze analyséieren. Heibäi kritt de Bedreiwer verschidden Donnéeën iwwer d’Benotzung, wéi z. B. Säitenopriff, Verweildauer, benotzt Betribssystemer an Hierkonft vum Benotzer. Dës Donnéeë ginn ënner Ëmstänn vu Google an engem Profil zesummegefaasst, deen dem jeeweilege Benotzer, resp. sengem Endgerät zougeuerdent ass.

Des Weidere kënne mir mat Google Analytics ë. a. Är Maus- a Scrollbeweegungen a Klicks opzeechnen. Google Analytics benotzt ausserdeem verschidde Modelléierungsusätz, fir déi erfaassten Datesätz ze ergänzen a setzt Machine Learning-Technologië bei der Datenanalys an.

Google Analytics benotzt Technologien, déi d’Erëmerkenne vum Benotzer fir d’Analys vum Benotzerverhalen ze erméiglechen (z. B. Cookien oder Device-Fingerprinting). D’Informatiounen iwwer d’Benotzung vun dësem Internetsite, déi Google erfaasst, ginn an der Reegel un e Server vu Google an den USA iwwerdroen an do gespäichert.

Den Asaz vun dësem Analys-Tools baséiert op Art. 6 Abs. 1 Punkt f DSGVO. De Bedreiwer vum Internetsite huet e berechtegten Interêt un der Analys vum Benotzerverhalen, fir esouwuel seng Offer um Site wéi och seng Publicitéit ze optiméieren. Souwäit eng entspriechend Awëllegung ugefrot gouf (z. B. eng Awëllegung fir d’Späicherung vu Cookien), baséiert den Traitement ausschliisslech op Art. 6 Abs. 1 Punkt a DSGVO; d’Awëllegung kann zu all Moment widderruff ginn.

D’Iwwerdroe vun Donnéeën an d’USA baséiert op de Standardvertragsklausele vun der EU-Kommissioun. Detailer doriwwer fannt Dir hei: https://privacy.google.com/businesses/controllerterms/mccs/.

Browser Plugin

Dir kënnt d’Erfaassung an d’Beaarbechte vun Ären Donnéeën duerch Google verhënneren, andeems Dir de Browser-Plugin erofluet an installéiert, deen Dir ënnert follgendem Link fannt: https://tools.google.com/dlpage/gaoptout?hl=de.

Méi Informatiounen iwwer den Ëmgang mat Donnéeë vun de Benotzer bei Google Analytics fannt Dir an der Dateschutzerklärung vu Google: https://support.google.com/analytics/answer/6004245?hl=de.

Sous-traitance

Mir hu mat Google e Sous-traitance-Vertrag ofgeschloss a setzen déi streng Virschrëfte vun den däitschen Datenschutzautoritéite bei der Benotzung vu Google Analytics integral ëm.

Späicherdauer

Um Niveau vum Benotzer oder Evenement bei Google gespäichert Donnéeën, déi mat Cookien, Benotzerkennungen (z. B. User ID) oder Publicitéits-IDen (z. B. DoubleClick-Cookies, Android-Werbe-ID) verknäppt sinn, ginn no 2 Méint anonymiséiert, resp. geläscht. Detailer heiriwwer fannt Dir ënnert follgendem Link: https://support.google.com/analytics/answer/7667196?hl=de

 

Spenden

Seit 1872 folgt die Zitha auf Basis christlicher Werte den Idealen Hilfsbereitschaft, Mitgefühl und Menschlichkeit, um in Luxemburg und Malawi ihren Dienst am Menschen zu erfüllen. Helfen auch Sie.

Jede Hilfe zählt

Wir hören einander offen, ehrlich interessiert und einfühlsam zu. Dazu gehört eine Haltung der Freundlichkeit, der Aufrichtigkeit und des respektvollen Umgangs miteinander.

Spenden

Zanter 1872 verfollegt d‘Zitha op der Basis vu chrëschtleche Wäerter d’Idealer Hëllefsbereetschaft, Matgefill a Mënschlechkeet, fir zu Lëtzebuerg an am Malawi hiren Déngscht um Mënsch ze erfëllen. Hëlleft och Dir.

All Hëllef zielt

Mir lauschteren eis mat Oppenheet, éierlechem Interessi an Afillungsverméigen no. Dozou gehéiert eng Haltung vu Frëndlechkeet, Opriichtegkeet a vum respektvollen Ëmgang mateneen.