ZithaUnit
Eng mobil Ekipp vun Therapeute fir psychiatresch Erkrankungen
Wéinst psychiatreschen Erkrankunge si vill Leit net an der Lag, selbstänneg ze liewen. D’ZithaUnit ënnerstëtzt als mobil Therapieunitéit Fleegeariichtungen an iwwerhëlt déi psychiatresch-therapeutesch Laangzäitbetreiung.
Iwwer eis
Zitha Consdorf verfüügt zanter Mëtt 2020 iwwer 44 Eenzelzëmmer fir d’Laangzäitversuergung vu Leit mat chronesche psychiatreschen Erkrankungen. D’Betreiung gëtt assuréiert vun der mobiller Therapeuten-Ekipp ZithaUnit, déi ufangs 2021 op der Basis vun enger Konventioun mam Lëtzebuerger Gesondheetsministère gegrënnt gouf.
Eis Leeschtungen
D’ZithaUnit ass eng Ekipp vu qualifizéierten Therapeuten, déi sech op déi psychiatresch-therapeutesch Betreiung vu Leit mat chronesche psychiatreschen Erkrankunge spezialiséiert huet. Well dës Leit opgrond vun hiren Erkrankungen onfäeg sinn, de soziokulturellen Ufuerderunge vun engem autonome Liewen nozekommen, ass eng Laangzäitbetreiung onëmgänglech. Aus deem Grond widmet sech d’ZithaUnit besonnesch der Fërderung vun Mënschen déi opgrond vun enger chronescher psychiatrescher Erkrankung op Hëllef ugewisen sin.
Ariichtungen
- St. Gabriel’s Hospital
- St. Theresa Nursery School
- Bethany Guest House
- St. Theresa Prayer House
- Our Lady Mount Carmel Nursery School
- St. Joseph Cottage
Communautéiten
- Our Lady Mount Carmel Community Namitete, Lilongwe Archdiocese
- St. Theresa of Jesus Community, Lilongwe Archdiocese
- St John of the Cross Community, Ganya, Dedza Diocese
- Anna Paula Bove Novitiate, Mlombozi, Zomba Diocese
- St Elizabeth of the Holy Trinity community, Kadikira, Blantyre Archdiocese
Organisatioun Kontakt Detailer
- Telefon
Hëlleft eis, ze hëllefen.
D‘Fondation Ste Zithe fërdert laut hire Statuten Zitha-Wierker zu Lëtzebuerg an am Malawi. Hëlleft och Dir.