Fondation Ste Zithe

Day: May 15, 2024

Kreessee fir de Holzatelier zu Consdorf

Zënter 2020 bitt Seniorie Ste Zithe zu Consdorf de Bewunner an der laangfristeger psychiatrescher Betreiung an de Seniore ganz speziell Projeten a sengem hauseege Holzatelier un. Mat Holz aus dem Geopark Mëllerdall produzéieren d’Bewunner selwer hauseege Therapie-Materialien, therapeutesch Hëllefsmëttel, Brettspiller, Dekoratiounen an nach vill méi, mat grousser Opmierksamkeet op d’Detailer. Dank der neier See ass et elo méiglech, méi komplex Aarbechten am Holzworkshop auszeféieren – mat absolutter Präzisioun. Dëst spuert op laang Siicht souguer Käschten, well Holz net méi op d’Mooss bestallt muss ginn Wann se richteg benotzt gëtt, ass dës speziell See ganz sécher a miniméiert de Verletzungsrisiko staark.

Spenden

Seit 1872 folgt die Zitha auf Basis christlicher Werte den Idealen Hilfsbereitschaft, Mitgefühl und Menschlichkeit, um in Luxemburg und Malawi ihren Dienst am Menschen zu erfüllen. Helfen auch Sie.

Jede Hilfe zählt

Wir hören einander offen, ehrlich interessiert und einfühlsam zu. Dazu gehört eine Haltung der Freundlichkeit, der Aufrichtigkeit und des respektvollen Umgangs miteinander.

Spenden

Zanter 1872 verfollegt d‘Zitha op der Basis vu chrëschtleche Wäerter d’Idealer Hëllefsbereetschaft, Matgefill a Mënschlechkeet, fir zu Lëtzebuerg an am Malawi hiren Déngscht um Mënsch ze erfëllen. Hëlleft och Dir.

All Hëllef zielt

Mir lauschteren eis mat Oppenheet, éierlechem Interessi an Afillungsverméigen no. Dozou gehéiert eng Haltung vu Frëndlechkeet, Opriichtegkeet a vum respektvollen Ëmgang mateneen.